Vendeur/Vendeuse

Il y a 3 jours

Dippach, L0L, Luxembourg Maison Josy Juckem S.à r.l. Temps plein
Zënter 1986 bitt JUCALUX eng grouss Auswiel u Kichegeschier fir Privatleit a Professioneller un. Fir eis Ekipp ze verstäerken, siche mir eng Verkeeferin (m/f) fir direkt unzefänken. VERKEEFERIN (m/f) CDI – Vollzäit (40 Stonnen / Woch) Är Missioun Als Verkeeferin sidd Dir d'Visittekaart vun eisem Buttek a garantéiert e kompetenten a frëndleche Clientsservice. Är Haaptaufgaben
- Clienten empfänken, beroden a bei hirem Akaf begleeden
- Verkaf vun eisem Sortiment u Kichegeschier
- Fir eng attraktiv Presentatioun vun de Produiten am Geschäft suergen
- Produiten asortéieren an de Réassort assuréieren
- Lagerbestänn iwwerwaachen an eng gutt Rotatioun vun der Wuer assuréieren
- Bestellunge vu Clienten a Fournisseure suivéieren
- Laangfristeg Clientsbezéiunge duerch e perséinleche Service opbauen Äre Profil
- Erfarung am Verkaf oder eng kommerziell Ausbildung
- Freed um Ëmgang mat Clienten a staark Serviceorientéierung
- Gutt kommunikativ a verkafstechnesch Fäegkeeten
- Dynamesch, organiséiert an zouverlässeg
- Teamgeescht an eng positiv Astellung
- Gepfleegten Optrëtt
- Gutt Kenntnisser am Lëtzebuergeschem, Däitschem a Franséischem (Englesch gëllt als Virdeel)
- Gutt Kenntnisser vun MS Office
- Führerschäin a perséinlechen Auto Mir bidden
- Eng sécher Aarbechtsplaz mat CDI an enger familiärer Firma
- E flott an dynamescht Aarbechtsëmfeld
- En ofwiesslungsräichen Alldag mat direktem Clientskontakt
- D'Integratioun an eng motivéiert Ekipp Interesséiert? Schéckt Ären CV un:maite.baulesch@josyjuckem.lu Lieu du poste : En présentiel