HR- an Administrativ Assistent *in fir an eisen Personal Bureau 40 Stonne pro Woch am CDD

Il y a 4 semaines

Findel, L0L, Luxembourg Luxembourg Air Services Temps plein
Beschreiwung Gegrënnt am Joer 1988, ass d ‘Luxembourg Air Rescue haut mat iwwer 180.000 Memberen déi gréissten A.s.b.l. zu Lëtzebuerg. Een Team vun iwwer 190 héichqualifizéierten Mataarbechter, 6 Rettungshelikopteren a 5 Ambulanz Fliegeren erméiglechen eis Dag fir Dag, Liewen ze retten. Joerelaang Erfahrung, baséierend op méi wéi 3.000 Missiounen am Joer hunn d ‘Luxembourg Air Rescue zu engem vun de weltwäite Leaderen um Gebitt vun der Loft Rettung an dem medizineschen Rapatriement gemaach. Fir eis Équipe ze verstäerken siche mir eng/een: HR
- an Administrativ Assistent (-in) fir an eisen Personal Bureau
40 Stonne Woch am CDD (12 Méint) Är Haaptaufgab besteet doran, eisen Departement vun den Ressource Humaines mat diversen, administrativen Tâchen ze ënnerstëtzen. Är Roll: Är Responsabilitéiten sinn ënnert anerem :
- Administrativ Gestioun vun de Recrutementer
- Mataarbecht um Dossier Formation Professionelle Continue
- Administrativ Gestioun vun de Präsenzen an den Absencen
- Gestioun an Suivi vun den Badgen
- All aner administrativ Aarbechten, déi an eisem Departement ufalen Äre Profil:
- Dir hutt Erfarung am Beräich HR
- Dir hutt en DT an der Administratioun a Gestioun
- Lëtzebuergesch ass ee Muss, grad esou wéi Englesch, Franséisch, an Däitsch
- Dir kennt Iech an den üblechen Computer Programmen gutt aus (MS-Office) Är Qualitéiten:
- Frëndlecht an ee gepflegt Optrieden sinn fir Iech selbstverständlech
- Dir sidd diskret an dynamesch
- Dir kënnt gutt mat Leit ëmgoen
- Dir sidd vun Natur aus ganz gewëssenhaft a kënnt Iech gutt konzentréieren
- Dir hutt gutt Kommunikatiounsfäegkeeten Mir bidden:
- Modern a spannend Aufgaben
- Professionellt a multikulturellt Ëmfeld
- Gutt individuell Weiderbildung an Entwécklung
- Sympathescht Team
- Attraktiv Sozialleeschtungen Bei Astellung verlaange mir en Auszoch aus dem Casier (Extrait Casier Judiciaire N°3). Mir freeën eis op Är Kandidatur Sproochen Luxembourgish; Letzeburgesch English French German