Sozialpedagog (M/W/X) - 40St/Woch – CDI – youngcaritas – Léiweng CJF_20260909

Il y a 1 semaine

Livange, L0L, Luxembourg Cjf Temps plein
Description Zanter 38 Joer engagéiert sech *CJF* Lëtzebuerg *a.s.b**.l.,*fréier Caritas Jeunes et Familles a.s.b.l., hei als « CJF » bezeechent, am soziale Secteur zu Lëtzebuerg a setzt sech fir d’Wuel vum Kand, dem Jugendlechen an der Famill an. Haut schaffe méi wéi 750 Mataarbechter an iwwer 40 Strukturen a Servicer, verdeelt op 19 Gemengen am ganze Land. Als Member vun der Bientraitance a.s.b.l. orientéiere mir eis un enger Kultur vu Bientraitance a Bienveillance. Eis professionell Haltung, eis Projete wéi och eis Aarbechtsweis gi vun dësem Respekt an dëser Unerkennung vum Mënsch geleet. Eis Missioun – Zesumme wuessen – ass de Kär vun all eisem Handelen. Ob an der Fréientwécklung, an der Jugend oder am Iwwergank an d’Erwuesseneliewen: eis Mataarbechter\*innen setzen sech all Dag dofir an, e rouegt an ënnerstëtzend Liewensëmfeld ze schafen, an deem all Kand, Jugendlechen oder jonken Erwuessenen d’Méiglechkeet kritt, sech voll z’entfalen – onofhängeg vu senger Liewenssituatioun oder sengen Ënnerscheeder. Vir eist Team bei der Aarbecht mat Jonken ze verstäerke, siche mir eng/ee Coordinateur Pédagogique / Sozialpedagog (m/w/x) fir eise Service youngcaritas. youngcaritas ass eng Plattform fir jonk Leit, wou si d'Méiglechkeet kréien sech ze engagéieren, a sou e positiven Impakt op d'Gesellschaft ze hunn. Deng Missiounen :
- Entwécklung a Sécherung vun der pedagogescher Qualitéit,
- Reegelméisseg Präsenz um Terrain, fir d’Ekipp ze begleeden an ze ënnerstëtzen,
- Weiderentwécklung an Ëmsetzung vum Kannerschutzkonzept,
- Bedeelegung un der Weiderentwécklung an Ausschaffung vun eise Formatiounen,
- Konfliktmanagement, falls néideg. Däi Profil :
- Spaass un der Aarbecht mat Jonken,
- E Bachelor am sozio-edukative Beräich oder equivalent,
- Erfarung an der pedagogescher Konzeptaarbecht,
- Éischt Erfarungen am Beräich Kannerrechter si vu Virdeel,
- Fäegkeet, Prozesser z’entwéckelen an ëmzesetzen,
- Héich Selbstännegkeet,
- Teamorientéiert a kommunikativ Aarbechtsweis,
- Exzellent redaktionell Kompetenzen,
- Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch schwätzen,
- Am Besëtz vum Führerschäi B sinn an en Éischt-Hëllefs-Cours gemaach hunn. Mir bidden dir :
- Eng attraktiv Pai, déi no der aktueller CCT-SAS festgeluecht gëtt (Carrière C6),
- En interessanten a villfältegen Aarbechtsberäich,
- D’Méiglechkeet, dech kreativ z’entfalen,
- D’Potenzial, fir matzegestalten,
- Eng Erausfuerderung, déi Spaass mécht,
- Eng Plaz an enger ënnerstëtzender Ekipp,
- Flexibel Schaffzäiten,
- Ënnerstëtzung fir deng perséinlech a professionell Entwécklung,
- Individuell ugepasste Weiderbildungsméiglechkeeten,
- Ufank: 15. Oktober 2026 oder no Ofsprooch. Fir méi Informatiounen iwwer eis Aktivitéit, besicht eis Websäit : www.youngcaritas.lu # Ass Bildung deng Beruffung ? Da si mir gespaant op dech Wann’s de dech fir CJF entscheets, gëss de Deel vun enger Associatioun, déi staark Wäerter an de Mëttelpunkt vun hirem Handele stellt: Engagement, Ouverture fir den Aneren a seng Diversitéit, Bienveillance a Solidaritéit. Eis Recrutementspolitik garantéiert gläich Chancë fir all Talent. All Kandidatur gëtt mat Respekt a Gerechtegkeet ugeholl a bewäert. Am Fall vun enger Astellung biede mir dech, en Extrait vum Casier judiciaire Nr. 3, Nr. 4 an Nr. 5 virzeleeën. *Les informations recueillies font l’objet d’un traitement destiné à permettre à CJF la gestion de la demande qu’elle reçoit. Elles sont destinées aux membres et aux services de CJF conformément au règlement (UE) 2016/679 du Parlement européen et du Conseil relatif à la protection des données à caractère personnel (RGPD).* Langues French Luxembourgish; Letzeburgesch German