HR- an Administrativ Assistent *in fir an eisen Personal Bureau 40 Stonne pro Woch am CDD

Il y a 1 semaine

Findel, Luxembourg Luxembourg Air Rescue / Luxembourg Air Services Temps plein
Gegrënnt am Joer 1988, ass d ‘Luxembourg Air Rescue haut mat iwwer 180.000 Memberen déi gréissten A.s.b.l. zu Lëtzebuerg. Een Team vun iwwer 190 héichqualifizéierten Mataarbechter, 6 Rettungshelikopteren a 5 Ambulanz Fliegeren erméiglechen eis Dag fir Dag, Liewen ze retten. Joerelaang Erfahrung, baséierend op méi wéi 3.000 Missiounen am Joer hunn d ‘Luxembourg Air Rescue zu engem vun de weltwäite Leaderen um Gebitt vun der Loft Rettung an dem medizineschen Rapatriement gemaach. Fir eis Équipe ze verstäerken siche mir eng/een: HR
- an Administrativ Assistent (-in) fir an eisen Personal Bureau 40 Stonne Woch am CDD (12 Méint) Är Haaptaufgab besteet doran, eisen Departement vun den Ressource Humaines mat diversen, administrativen Tâchen ze ënnerstëtzen. Är Roll: Är Responsabilitéiten sinn ënnert anerem :
• Administrativ Gestioun vun de Recrutementer
• Mataarbecht um Dossier Formation Professionelle Continue
• Administrativ Gestioun vun de Präsenzen an den Absencen
• Gestioun an Suivi vun den Badgen
• All aner administrativ Aarbechten, déi an eisem Departement ufalen Äre Profil:
• Dir hutt Erfarung am Beräich HR
• Dir hutt en DT an der Administratioun a Gestioun
• Lëtzebuergesch ass ee Muss, grad esou wéi Englesch, Franséisch, an Däitsch
• Dir kennt Iech an den üblechen Computer Programmen gutt aus (MS-Office) Är Qualitéiten:
• Frëndlecht an ee gepflegt Optrieden sinn fir Iech selbstverständlech
• Dir sidd diskret an dynamesch
• Dir kënnt gutt mat Leit ëmgoen
• Dir sidd vun Natur aus ganz gewëssenhaft a kënnt Iech gutt konzentréieren
• Dir hutt gutt Kommunikatiounsfäegkeeten Mir bidden:
• Modern a spannend Aufgaben
• Professionellt a multikulturellt Ëmfeld
• Gutt individuell Weiderbildung an Entwécklung
• Sympathescht Team
• Attraktiv Sozialleeschtungen Bei Astellung verlaange mir en Auszoch aus dem Casier (Extrait Casier Judiciaire N°3). Mir freeën eis op Är Kandidatur