Videograf / Video Editor (m/w/d)

Il y a 16 heures

ColmarBerg, Luxembourg bildbrauerei Temps plein
Mir sichen DECH Lëtzebuerg
· Vollzäit
· CDI Du fills dech hannert der Kamera genee esou doheem wéi am Editing? Du kanns Geschichte mat Biller erzielen an hues e Gefill fir Timing, Rhythmus a Bildsprooch? Vu Kino-reklammen iwwer Social Media Content bis bei d'Eventfilmer: Du wëlls net nëmmen een Deel maachen, mee de ganze Projet matgestalten? Da komm an d’bildbrauerei. 🛠️ Deng Aufgaben
• Du plangs, films a schneits Video-Content fir Social Media, Campagnen an Events.
• Du begleets Projete vun der éischter Iddi bis zum leschte Schnëtt.
• Du entwéckels visuell Storytelling-Formater zesumme mat eisem Kreativteam.
• Du produzéiers Shortform
- a Longform-Content am 9:16
- a 16:9-Format.
• Du adaptéiers deng Videoen u verschidde Plattformen, Zilgruppen a Clienten.
• Du bréngs Bild, Sound a Musek zesummen – mat engem Gefill fir Rhythmus an Dramaturgie.
• Du schaffs enk mat eisem Social Media Team an der Creative Direction zesummen. 🎒 Dat bréngs du mat
• Erfarung hannert der Kamera an am Video-Editing – a Projeten, déi eis weisen, wat s du kanns.
• E sécheren Ëmgang mat Kamera, Liicht an Toun.
• E sécheren Ëmgang mat Premiere Pro, DaVinci Resolve oder vergläichbaren Editing-Tools.
• E gutt A fir Biller an e Gefill fir Rhythmus a Storytelling.
• Erfarung mat Social Media Formater wéi Reels an TikToks.
• Eng selbststänneg, strukturéiert a präzis Aarbechtsweis.
• Eng Hands-on-Mentalitéit a Loscht, Iddien an d’Realitéit ëmzesetzen.
• Kenntnisser a Fotografie, After Effects oder Motion Design sinn e Plus.
• Du schwätz op d’mannst zwou vun den dräi Sproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch. 🤝 Wien mir sinnMir sinn d’bildbrauerei a mir fannen: Content soll ënnerhalen. Oder besser: E muss. Mat Haltung. Mat Humor. Mat Häerz. D’Welt brauch net méi Content. Si brauch besseren. An dofir setze mir eis an. Eis Approche verbënnt Advertainment a Politainment. Mir schafe Content, iwwer dee geschwat gëtt, deen ee gär kuckt an deen am Kapp bleift. Mat Büroen an Däitschland a Lëtzebuerg gleewe mir un international Zesummenaarbecht – a gutt Iddien, déi entstinn, wa verschidde Perspektiven zesummekommen. 🚀 Wat mir dir bidden
• En onbefristeten Aarbechtskontrakt (CDI) a Vollzäit zu Lëtzebuerg.
• Flexibelt, hybrid Schaffen – ofgestëmmt op Tournagen a Projeten.
• Villfälteg Projete mat héijer Visibilitéit.
• Plaz fir deng Iddien, deng Bildsprooch a kreativ Experimenter.
• En Team mat kuerze Weeër, dat Iddien séier ëmsetzt.
• Modernt Equipment an e professionelle Setup.
• Weiderbildungsméiglechkeeten a Video, Storytelling an AI. 🔥 Du bass motivéiert?Da schéck eis däin CV an däi Portfolio, Showreel oder eng Auswiel vu Video-Projeten un info@bildbrauerei.de. So eis kuerz, wat bei de Projete vun dir kënnt: Kamera, Schnëtt oder béides. Mir si gespaant op däi Bléck an däi Stil. Mir freeën eis op Bewerbunge vu Mënsche mat allen Hannergrënn, Identitéiten a Liewensweeër.