NEW Kach

Il y a 2 jours

Diekirch, Luxembourg arcus asbl Temps partiel
Mir siche fir d'Maison Relais Dikrech en Kach (M/W/NB) fir 30 Stonnen/Woch (mat potentieller Méiglechkeet d'Stonnen ze erhéijen) am CDI. Maison Relais Dikrech sicht eng Verstäerkung fir hier Kichenequipe déi am Kader vum Weltatelier-Konzept gesond a kannergerecht Molzechte preparéieren. Deng

Aufgaben:
• Enk Zesummenaarbecht mam Chefkach fir equilibréiert an ofwiesslungsräich Menüen ze plangen
• Molzechte preparéieren a presentéieren
• En Schaffen no den HACCP-Normen
• Iesse fir Kanner mat Allergien oder spezielle Besoine preparéieren a garantéieren datt et zu kenge Kräizkontaminatiounen kënnt
• D’Kanner fir eng gesond Ernärung begeeschteren Däi Profil:
• Besetz vun engem a Lëtzebuerg unerkannten Diplom
• E fundéiert Wësse am Beräich equilibréiert Ernärung fir kleng a grouss Kanner
• Zäitmanagement a Gestioun vum Stock
• Allergien an kulturell Restriktiounen eescht huelen
• Gedold a Verständnis vis-à-vis vun de Kanner Wat dech erwaart:
• Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen
• Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS
• En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt, fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen
• Weiderbildungs
- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass
• En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld (bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)