Een Mataarbechter am Service Finance

Il y a 2 jours

ReckangesurMess, Luxembourg APEMH Temps plein
D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir eise Service Comptabilitéit zu Betteng/Mess, een comptable (m/w/x), fir een CDI – 30 oder 40 Stonnen/Woch fir direkt oder no Ofsprooch. Dir sicht eng nei Erausfuerderung? Dir hutt Loscht, an enger motivéierter Ekipp ze schaffen? Dir wëllt beim Weiderkomme vum Service mathëllefen? Da sidd Dir vläicht eisen neie Mataarbechter (f/m/d) Haaptmissioun D’Kohärenz vun den Donnéeë sécherstellen an un de periodeschen Ofschlëss souwéi un der Opstellung vun de Joresofschlëss deelhuelen. Haaptaufgaben
• D’Kohärenz, d’Genauegkeet an d’Qualitéit vun den Donnéeë kontrolléieren
• D’Anhale vun de Comptabilitéitsnormen, de gesetzleche Bestëmmungen an den interne Prozedure garantéieren
• D’Ofschlossbuchungen duerchféieren: Réckstellungen, Ofschreiwungen, nach ze bezuelend Käschten, viraus verrechent Erléiser, asw.
• Un der Opstellung vun de ministeriellen Dekonten deelhuelen
• D’Bilanzkonten ofstëmmen an Ofwäichungen analyséieren
• Un der Opstellung vu periodeschen a järlechen Ofschlëss deelhuelen
• Mat externen Auditeuren an interne Servicer zesummeschaffen
• Zu der kontinuéierlecher Verbesserung vun den Instrumenter, Prozesser an Aarbechtsmethoden bäidroen Gefrote Kompetenzen Fachlech Kompetenzen
• Exzellent Kenntnisser an der allgemenger Comptabilitéit
• Gutt Kenntnisser vun de Comptabilitéits
- a Finanzofschlossprozesser
• Fortgeschratt Beherrschung vu Microsoft Excel
• Kenntnisser vu Sage BOB 50 si vu Virdeel
• Fäegkeet, finanziell Analysen duerchzeféieren
• Kenntnisser vum soziale Secteur zu Lëtzebuerg si vu Virdeel Perséinlech Kompetenzen
• Genauegkeet an e staarkt Organisatiounstalent
• En analyteschen a syntheetesche Geescht
• Flexibilitéit an Upassungsfäegkeet
• Fäegkeet, autonom ze schaffen
• Fäegkeet, am Team an iwwer verschidde Servicer ewech zesummenzeschaffen
• Gutt Kommunikatiounsfäegkeeten
• déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen Äre Profil
• Diplom: Bac +3 am Beräich Comptabilitéit/Finanzen
• Beruffserfarung: mindestens 5 Joer Mir bidden
• attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen
• en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung