2 Educateurs diplômés

Il y a 6 jours

Mersch, Luxembourg SOS Kannerduerf Lëtzebuerg Temps partiel
D’Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf sicht fir hir Wunngrupp d'Haus 9 zu Miersch zwee Educateurs diplômées (m/w/d) Är

Aufgaben:
• Ëmsetzung a Sécherung vun enger qualitativ héichwäerteger pedagogescher Betreiung
• Dir schafft am deeglechen Encadrement vu Kanner a Jugendlechen
• Treffe vun Alldagsentscheedungen an Ëmsetzung vun dësen Entscheedungen no Récksprooch mam Chef de groupe an de Mataarbechterinnen
• Garantéiere vun engem pedagogesch séchere Kader, deen et de Kanner a Jugendlechen erlaabt sech weider ze entwéckelen
• Dir huelt verantwortungsvoll un Teambespriechungen, Formatiounen a Supervisiounen deel a bannt Iech aktiv mat an
• Dir sidd Bezuchserzéier vun engem oder zwee Kanner Äre Profil:
• Dir hutt en unerkannten Diplom oder eng Equivalenz mat der „autorisation d‘exercer“
• Dir hutt eng zilorientéiert a strukturéiert Aart a Weis ze schaffen
• Dir hutt eng gutt Beobachtungs
- a Reflexiounsfäegkeet
• Fäegkeet fir systemesch-, ressourcen
- a léisungsorientéiert Denken an Handelen
• Teamfäegkeet a Bereetschaft an engem multidisziplinären Team ze schaffen
• Führerschäin (B)
• Sproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, all weider Sproochen si vu Virdeel
• Dag
- an Nuetsschichte souwéi Weekendaarbecht a Feierdeeg Mir bidden:
• Eng diversifizéiert an interessant Aarbecht bei engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner
- a Jugendhëllef.
• Reegelméisseg Weiderbildung an de Beräicher Bindung an Trauma, Kanner
- a Jugendschutz.
• Reegelméisseg Teamversammlungen, Supervisiounen, Formatiounen.
• Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS (C6)
• Sympass Kaart. Mir bieden Iech folgend Dokumenter am Formulaire eropzelueden:
• Motivatiounsbréif
• Liewenslaf mat Foto
• Kopie vum Diplom
• Autorisation d'excercer Am Fall vun engem Recrutement, gidd dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 a n°5 gefroot.