Educateur diplômé fir d'Schoulesch Hêllef

Il y a 2 mois

Luxembourg SOS Kannerduerf Lëtzebuerg Temps plein
D’Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf stellt fir hier Jugendwunngrupp de Saccly zu Ierpeldeng engagéiert Fachleit déi Kanner a Jugendlecherwäertschätzend, ressourcenorientéiert an empathesch begleeden.
Dir sidd Éducateur diplômé an Dir wëllt Iech am soziale Beräich asetzen, Verantwortung iwwerhuelenan e reelle Bäitrag fir d’Zukunft vu Kanner a Jugendleche leeschten?Da kommt bei eis an eng Equipe, déi zesummenhält, déi Vertrauen an Engagement lieft, an déi all Kand a senger Eenzegaartegkeet respektéiert an ënnerstëtzt.
Zesumme schafe mir e séchert, stabilt an respektvollt Ëmfeld, an deem Kanner a Jugendlech sech kënnen entwéckelen, wuessen an hir Stäerkte entdecken.
Mir freeën eis op Är Kandidatur Är

Aufgaben:
Aarbechtsdeeg vu Méindes bis Donneschdeg ausser wärend de Schoulvakanze (Daags
- a Nuetsschichte) Dir sidd Responsabel fir d'schoulesch Hëllef Ëmsetzung a Sécherung vun enger qualitativ héichwäerteger pedagogescher Betreiung Dir schafft am deeglechen Encadrement vu Jugendlechen Treffe vun Alldagsentscheedungen an Ëmsetzung vun dësen Entscheedungen no Récksprooch mam Chef de groupe an de Mataarbechterinnen Garantéiere vun engem pedagogesch séchere Kader, deen et de Kanner a Jugendlechen erlaabt sech weider ze entwéckelen Dir huelt verantwortungsvoll un Teambespriechungen, Formatiounen a Supervisiounen deel a bannt Iech aktiv mat an Dir sidd Bezuchserzéier vun engem oder zwee Kanner Äre Profil: Dir hutt en unerkannten Diplom oder eng Equivalenz mat der „autorisation d‘exercer“ Dir hutt eng zilorientéiert a strukturéiert Aart a Weis ze schaffen Dir hutt eng gutt Beobachtungs
- a Reflexiounsfäegkeet Dir hutt gutt Kenntnisser iwwert de Schoulsystem Fäegkeet fir systemesch-, ressourcen
- a léisungsorientéiert Denken an Handelen Teamfäegkeet a Bereetschaft an engem multidisziplinären Team ze schaffen Führerschäin (B) Sproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, all weider Sproochen si vu Virdeel Dag
- an Nuetsschichte souwéi Weekendaarbecht a Feierdeeg Mir bidden: Eng diversifizéiert an interessant Aarbecht bei engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner
- a Jugendhëllef. Reegelméisseg Weiderbildung an de Beräicher Bindung an Trauma, Kanner
- a Jugendschutz. Reegelméisseg Teamversammlungen, Supervisiounen, Formatiounen. Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS (C4). Sympass Kaart. Mir bieden Iech folgend Dokumenter am Formulaire eropzelueden: Motivatiounsbréif Liewenslaf mat Foto Kopie vum Diplom Autorisation d'excercer Am Fall vun engem Recrutement, gidd dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 a n°5 gefroot.