Agent éducatif oder Éducateur diplômé zu Miersch

Il y a 1 jour

Luxembourg SOS Kannerduerf Lëtzebuerg Temps partiel
CDI 50
- 100% (m/w/d)Fir eis verschidde Strukturen am Land Miersch Mir sichen engagéiert Fachleit, déi Kanner a Jugendlecherwäertschätzend, ressourcenorientéiert an empathesch begleeden.
Dir sidd Agent éducatif oder Éducateur diplômé an Dir wëllt Iech am soziale Beräich asetzen, Verantwortung iwwerhuelenan e reelle Bäitrag fir d’Zukunft vu Kanner a Jugendleche leeschten?Da kommt bei eis an eng Equipe, déi zesummenhält, déi Vertrauen an Engagement lieft, an déi all Kand a senger Eenzegaartegkeet respektéiert an ënnerstëtzt.
Zesumme schafe mir e séchert, stabilt an respektvollt Ëmfeld, an deem Kanner a Jugendlech sech kënnen entwéckelen, wuessen an hir Stäerkte entdecken.
Mir freeën eis op Är Kandidatur Är

Aufgaben:
• Dir schafft am deeglechen Encadrement vu Kanner a Jugendlechen
• Zesumme mat ären Team-KolleegInnen an a Récksprooch mam Chef de groupe suergt Dir fir e pedagogesch strukturéierten a séchere Kader, deen et de Kanner a Jugendlechen erlaabt, sech weider ze entwéckelen a selbststänneg ze ginn
• Dir sidd Referenzerzéier vun engem oder zwee Kanner oder Jugendlechen Äre Profil:
• Dir hutt en unerkannten Ofschloss, deen de gesichte Profiller entsprëcht, souwuel wéi « d’Autorisation d’exercer » wann dir Educateur diplômé sidd oder d’« Formation de l’accueil de base » wann dir Aide-éducateur sidd
• Dir sidd flexibel wat d‘Aarbechtszäiten ugeet (Dag
- an Nuetschichten)
• Dir sidd teamorientéiert a bereet an engem multidisziplinären Team ze schaffen
• Dir hutt eng zilorientéiert a strukturéiert Aart a Weis ze schaffen
• Dir hutt eng gutt Beobachtungs
- a Reflexiounsfäegkeet
• Dir hutt Spass un systemesch-, ressourcen
- a léisungsorientéiertem Denken an Handelen
• Dir hutt de Führerschäin (B)
• Dir schwätzt Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, all weider Sprooch assi vu Virdeel Mir bidden:
• Eng diversifizéiert an interessant Aarbecht bei engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner
- a Jugendhëllef
• Reegelméisseg Weiderbildung an de Beräicher Bindung an Trauma, SOP, Kanner
- a Jugendschutz
• Reegelméisseg Teamversammlungen, Supervisiounen, Formatiounen
• Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS (C2 bis C4 laut Diplom)
• Sympass Kaart Mir bieden Iech folgend Dokumenter am Formulaire eropzelueden:
• Motivatiounsbréif
• Liewenslaf mat Foto
• Kopie vum Diplom
• Autorisation d'excercer (Educateur diplômé) Am Fall vun engem Recrutement, gidd dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 a n°5 gefroot.