NEW Educateur diplômé

Il y a 18 heures

Niederfeulen, Luxembourg arcus asbl Temps partiel
Mir siche fir d'Maison Relais Nidderfeelen: Educateur diplômé (M/W/NB) – CDI – 30 Stonnen/Woch D’Maison Relais Nidderfeelen bitt Plaz fir ronn 180 Kanner vun 3 bis 12 Joer a verfüügt iwwer verschidden equipéiert Funktiounsräim (Beweegung, Baumaterial, Rollespill, Atelier, Bibliothéik, Medien, Fuerschung, Ernärung, etc.) souwéi e Bausseberäich mat 3 altersspezifesche Spillplazen, fir eng qualitativ héichwäerteg Betreiung ze garantéieren. Deng

Aufgaben:
• Du empfänks a begleeds d’Kanner vum Cycle 1-4
• Du wierks bei edukative Projete mat, déi un d’Besoine vun de Kanner ugepasst sinn
• Du ënnerstëtz d’Kand a senger individueller Entwécklung
• Du fërders e reegelméissegen a professionellen Austausch mat den Elteren Däi Profil:
• Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Erzéier
• Du bass flexibel an den Aarbechtszäiten
• Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesh schreiwen a schwätzen
• Du hues en Permis B an e perséinlechen Auto Wat dech erwaart:
• Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen
• Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS
• En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen
• Weiderbildungs
- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass
• En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld Iwwert eis:arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge ronn 1800 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn. (bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)