Agent éducatif oder Éducateur diplômé C2-C4

Il y a 2 jours

Gralingen, Luxembourg SOS Kannerduerf Lëtzebuerg Temps plein
Mir sichen engagéiert Fachleit, déi Kanner a Jugendlecher wäertschätzend, ressourcenorientéiert an empathesch begleeden. Dir sidd Agent éducatif oder Éducateur diplômé an Dir wëllt Iech am soziale Beräich asetzen, Verantwortung iwwerhuelen an e reelle Bäitrag fir d’Zukunft vu Kanner a Jugendleche leeschten? Da kommt bei eis an eng Equipe, déi zesummenhält, déi Vertrauen an Engagement lieft, an déi all Kand a senger Eenzegaartegkeet respektéiert an ënnerstëtzt. Zesumme schafe mir e séchert, stabilt an respektvollt Ëmfeld, an deem Kanner a Jugendlech sech kënnen entwéckelen, wuessen an hir Stäerkte entdecken. Mir freeën eis op Är Kandidatur Är Aufgaben
• Dir schafft am deeglechen Encadrement vu Kanner a Jugendlechen
• Zesumme mat ären Team-KolleegInnen an a Récksprooch mam Chef de groupe suergt Dir fir e pedagogesch strukturéierten a séchere Kader, deen et de Kanner a Jugendlechen erlaabt, sech weider ze entwéckelen a selbststänneg ze ginn
• Dir sidd Referenzerzéier vun engem oder zwee Kanner oder Jugendlechen Äre Profil
• Dir hutt en unerkannten Ofschloss, deen de gesichte Profiller entsprëcht, souwuel wéi « d’Autorisation d’exercer » wann dir Educateur diplômé sidd oder d’« Formation de l’accueil de base » wann dir Aide-éducateur sidd
• Dir sidd flexibel wat d‘Aarbechtszäiten ugeet (Dag
- an Nuetschichten)
• Dir sidd teamorientéiert a bereet an engem multidisziplinären Team ze schaffen
• Dir hutt eng zilorientéiert a strukturéiert Aart a Weis ze schaffen
• Dir hutt eng gutt Beobachtungs
- a Reflexiounsfäegkeet
• Dir hutt Spass un systemesch-, ressourcen
- a léisungsorientéiertem Denken an Handelen
• Dir hutt de Führerschäin (B)
• Dir schwätzt Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, all weider Sprooch assi vu Virdeel Mir bidden
• Eng diversifizéiert an interessant Aarbecht bei engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner
- a Jugendhëllef
• Reegelméisseg Weiderbildung an de Beräicher Bindung an Trauma, SOP, Kanner
- a Jugendschutz
• Reegelméisseg Teamversammlungen, Supervisiounen, Formatiounen
• Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS (C2 bis C4 laut Diplom)
• Sympass Kaart Mir bieden Iech folgend Dokumenter am Formulaire eropzelueden
• Motivatiounsbréif
• Liewenslaf mat Foto
• Kopie vum Diplom
• Autorisation d'excercer (Educateur diplômé) Am Fall vun engem Recrutement, gidd dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 a n°5 gefroot.