Educateur - CDD - 40h/semaine (m/f/d)
Il y a 2 jours
Capellen, Luxembourg
Ligue HMC
Temps plein
Gratuit avec email ou Google
Enregistrez cette offre et organisez votre recherche
Créez un compte gratuit pour enregistrer des offres d'emploi, créer des alertes et revenir à cette liste depuis votre tableau de bord.
Gratuit avec email ou Google
En continuant, vous acceptez nos Conditions d’utilisation & Politique de confidentialité.
Mir sichen fir eis Formatiounsstruktur (SAFE)
en-g Educateur-trice diplômé-e (m-w-d)
(Réf.: SAFE 10/2026)
CDD 40-Stonne-Woch fir eng Dispens, Congé de maternité an Congé parental ze ersetzen
- Carrière C4 – CCT SAS en vigueur Är Missioun: Dir schafft an enger multidisziplinärer Equipe an am Zesummenaarbecht mat den Atelieren fir eng berufflech Inclusioun, fir jonke Mënschen mat enger intellektueller Beanträchtegung auszebilden an ze orientéieren. Dir begleet jonke Mënschen mat enger intellektueller Beanträchtegung an hirer sozialer an emotionaler Entwécklung an um Wee an d’Aarbechtswelt. Äre Profil: Dir hutt Loscht, mat Mënschen ze schaffen, déi eng intellektuell Beanträchtegung hunn. Dir hutt handwierklech a kreativ Kompetenzen. Erfarung am Ëmgang mat erausfuerderendem Verhalen ass vu Virdeel. Dir sidd Kontaktfreedeg an hutt Equippegeescht. Dir schafft autonom a dir kënnt Verantwortung iwwerhuele. Dir sidd flexibel an hutt de Courage, iech och mol op schwiereg Situatiounen anzeloossen. Dir schwätzt lëtzebuergesch, däitsch a franséisch. Dir hutt gutt redaktionell Kompetenze. Dir hutt informatesch Kenntnisser an e Führerschäin Klass B. Firwat bei der Ligue HMC ze schaffen? Bei der Ligue HMC ze schaffen bedeit, zu enger bedeitungsvoller Missioun an enger unerkannter a engagéierter Organisatioun bäizedroen. Eis Entscheedungen, d'Ënnerstëtzung, déi mir ubidden, an d'Aart a Weis, wéi mir schaffen, ginn vun enger staarker Iwwerzeegung geleet: d'Mënschen an d'Mëtt vun allem ze stellen, wat mir maachen. Eis Wäerter vun Inklusioun, Respekt, Frëndlechkeet a Kooperatioun leeden eis Equippen an hirer deeglecher Aarbecht. Mir fërderen eng Kultur vum Dialog, vun der Participatioun an der Ermächtegung. Eise partizipative Leedungsstil fërdert aktiivt Nolauschteren, Autonomie an d'Bedeelegung vun all eenzelner Persoun, wat eis erlaabt, eis Praktiken, eis Aarbechtsweise an eis Aarbechtsëmfeld kontinuéierlech ze verbesseren. Mir bidden:
• Eng interessant a villfälteg Aarbecht mat Verantwortung;
• E flott, motivéiert an dynamescht Team an engem mënschlechen Aarbechtsëmfeld;
• Gutt Aarbechtskonditiounen a Kollektivvertrag SAS (13te Mount, Vakanzegeld, mindestens 34 Deeg Congé…)
· Méiglechkeete fir Weiderbildungen a perséinlech Entwécklung. Eng éischt Auswiel gëtt op Basis vum Dossier gemaach. Am Fall vun enger Astellung gëtt en Extrait aus dem Casier judiciaire (Formulairen 3, 4 an 5) gefrot. Fir weider Informatiounen, mellt Iech um 30 92 32-283 D’Kandidaturen (Motivatiounsbréif, Curriculum Vitae, Diplomer) kënne bis spéitstens den 20ten November 2026 geschéckt ginn un: Ligue HMC a.s.b.l. Direction B.
P. 49 L-8301 Capellen Oder per Mail un rh@ligue-hmc.lu