een Chauffeur-Livreur

Il y a 2 jours

BettangesurMess, Luxembourg APEMH Temps plein
D'APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hiren Atelieren zu Betten, een Chauffeur-Livreur (w/m/x) fir een CDI 20
- 40 Stonnen/Woch, fir direkt oder no Ofsprooch. Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...). Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot. Responsabilitéiten Als Member vun engem inklusiven Team sinn Är Missiounen :
• Liwwerung an/oder Ofhuele vun de Wueren a Produkter vun der APEMH op virdéfinéierten Touren, am strikte Respekt vun de Sécherheets‑ an Hygièneprotokoller an Regelen.
• Kontroll an den Ënnerhalt vum Gefier (Propretéit, Flëssegskeetsniveauen, Meldung vun Onreegelméissegkeeten) garantéieren Obligatoresch Ufuerderungen Dir Sollt Folgendes Als Viraussetzung Matbréngen
• gutt Kenntnis vum lokale geographesche Secteur oder d’Fäegkeet, sech séier doranner z’orientéieren.
• de Führerschäin Klass B an C hunn, de Besëtz vum Code 95 ass e Virdeel
• Fäegkeet, selbststänneg ze schaffen an dobäi d’Tournéeën, d’Prozeduren an d’Auerzäiten anzehalen.
• Flexibilitéit um Niveau vun den Aarbechtszäiten hunn
• Sënn fir Verantwortung hunn fir en optimalen professionellen Zesummenaarbecht mat Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren
• Pünktlechkeet, Gewëssenhaftigkeit, Zouverlässegkeet an d’Anhale vun Engagementer a Vertraulechkeet.
• proppert a gepfleegt Optrieden an e gudde Clientsservice.
• Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen an schreiwen kennen Wënschenswäert Ufuerderungen Beruffserfarung ass vu Virdeel. Mir bidden
• attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen
• en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung Detailer Aarbechtsform Deelzäit, Vollzäit Aart vu Kontrakt Permanente Kontrakt Stonnen pro Woch 40 Standuert Land Lëtzebuerg Stad Bettange-sur-Mess ERFUERDERLECHSPROOCHEN Fir fir dësen Job consideréiert ze ginn, ass et entscheedend, dat Dir Kenntnisser a folgenden Sproochen hutt Lëtzebuergesch LiesenC1 Autonomen Niveau SchreiwenC1 Autonomen Niveau SchwätzenC1 Autonomen Niveau Däitsch LiesenB2 Avancéiert Mëttelstuf SchreiwenB2 Avancéiert Mëttelstuf SchwätzenB2 Avancéiert Mëttelstuf Franséisch LiesenB2 Avancéiert Mëttelstuf SchreiwenB2 Avancéiert Mëttelstuf SchwätzenB2 Avancéiert Mëttelstuf