ee geléierte Kach

Il y a 1 jour

Luxembourg APEMH Temps plein
D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hire Familljen, sicht fir hir Atelieren zu Housen ee geléierte Kach (w/m/x) fir en CDI (40 Stonnen/Woch), fir direkt oder no Ofsprooch. An eiser Kichen zu Housen preparéiere mir all Dag ronn 500 Menüen, souwuel fir Schoulkanner wéi och fir Zentere fir eeler Leit. Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...). Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot. Responsabilitéiten
• Liewensmëttelversuergung/Stockage
• Organisatioun vun der Aarbecht a vun der Produktion
• Uwennung a Kontroll vun Gesondheets
- a Sécherheetsnormen
• Mat enger Ekipp vun Leit zesummen schaffen, déi eng intellektuell Beanträchtegung hunn Obligatoresch Ufuerderungen
• am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom (DAP) an der Restauratioun sinn
• Sënn vu Verantwortung hunn fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren
• iwwert Flexibilitéit um Niveau vun den Aarbechtszäiten, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen
• eegestänneg an organiséiert schaffe kënnen
• déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen
• de Führerschäin Klass B hunn Wënschenswäert Ufuerderungen Beruffserfarung an der Aarbecht mat Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel. Mir bidden
• attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen.
• en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.