Sozialpedagog (M/W/X) - 40St/Woch – CDI – youngcaritas – Léiweng CJF_20260909

Il y a 2 jours

Léiweng, Luxembourg CJF Temps plein

Zanter 38 Joer engagéiert sech CJF Lëtzebuerg a.s.b.l.,fréier Caritas Jeunes et Familles a.s.b.l., hei als « CJF » bezeechent, am soziale Secteur zu Lëtzebuerg a setzt sech fir d’Wuel vum Kand, dem Jugendlechen an der Famill an. Haut schaffe méi wéi 750 Mataarbechter an iwwer 40 Strukturen a Servicer, verdeelt op 19 Gemengen am ganze Land. Als Member vun der Bientraitance a.s.b.l. orientéiere mir eis un enger Kultur vu Bientraitance a Bienveillance. Eis professionell Haltung, eis Projete wéi och eis Aarbechtsweis gi vun dësem Respekt an dëser Unerkennung vum Mënsch geleet. Eis Missioun – Zesumme wuessen – ass de Kär vun all eisem Handelen. Ob an der Fréientwécklung, an der Jugend oder am Iwwergank an d’Erwuesseneliewen: eis Mataarbechter*innen setzen sech all Dag dofir an, e rouegt an ënnerstëtzend Liewensëmfeld ze schafen, an deem all Kand, Jugendlechen oder jonken Erwuessenen d’Méiglechkeet kritt, sech voll z’entfalen – onofhängeg vu senger Liewenssituatioun oder sengen Ënnerscheeder.

Vir eist Team bei der Aarbecht mat Jonken ze verstäerke, siche mir eng/ee Coordinateur Pédagogique / Sozialpedagog (m/w/x) fir eise Service youngcaritas.


youngcaritas ass eng Plattform fir jonk Leit, wou si d'Méiglechkeet kréien sech ze engagéieren, a sou e positiven Impakt op d'Gesellschaft ze hunn.


Deng Missiounen :

  • Entwécklung a Sécherung vun der pedagogescher Qualitéit,

  • Reegelméisseg Präsenz um Terrain, fir d’Ekipp ze begleeden an ze ënnerstëtzen,

  • Weiderentwécklung an Ëmsetzung vum Kannerschutzkonzept,

  • Bedeelegung un der Weiderentwécklung an Ausschaffung vun eise Formatiounen,

  • Konfliktmanagement, falls néideg.


Däi Profil :

  • Spaass un der Aarbecht mat Jonken,

  • E Bachelor am sozio-edukative Beräich oder equivalent,

  • Erfarung an der pedagogescher Konzeptaarbecht,

  • Éischt Erfarungen am Beräich Kannerrechter si vu Virdeel,

  • Fäegkeet, Prozesser z’entwéckelen an ëmzesetzen,

  • Héich Selbstännegkeet,

  • Teamorientéiert a kommunikativ Aarbechtsweis,

  • Exzellent redaktionell Kompetenzen,

  • Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch schwätzen,

  • Am Besëtz vum Führerschäi B sinn an en Éischt-Hëllefs-Cours gemaach hunn.


Mir bidden dir :

  • Eng attraktiv Pai, déi no der aktueller CCT-SAS festgeluecht gëtt (Carrière C6),

  • En interessanten a villfältegen Aarbechtsberäich,

  • D’Méiglechkeet, dech kreativ z’entfalen,

  • D’Potenzial, fir matzegestalten,

  • Eng Erausfuerderung, déi Spaass mécht,

  • Eng Plaz an enger ënnerstëtzender Ekipp,

  • Flexibel Schaffzäiten,

  • Ënnerstëtzung fir deng perséinlech a professionell Entwécklung,

  • Individuell ugepasste Weiderbildungsméiglechkeeten,

  • Ufank: 15. Oktober 2026 oder no Ofsprooch.


Fir méi Informatiounen iwwer eis Aktivitéit, besicht eis Websäit : www.youngcaritas.lu


Ass Bildung deng Beruffung ?


Da si mir gespaant op dech Wann’s de dech fir CJF entscheets, gëss de Deel vun enger Associatioun, déi staark Wäerter an de Mëttelpunkt vun hirem Handele stellt: Engagement, Ouverture fir den Aneren a seng Diversitéit, Bienveillance a Solidaritéit. Eis Recrutementspolitik garantéiert gläich Chancë fir all Talent. All Kandidatur gëtt mat Respekt a Gerechtegkeet ugeholl a bewäert.

Am Fall vun enger Astellung biede mir dech, en Extrait vum Casier judiciaire Nr. 3, Nr. 4 an Nr. 5 virzeleeën.


Les informations recueillies font l’objet d’un traitement destiné à permettre à CJF la gestion de la demande qu’elle reçoit. Elles sont destinées aux membres et aux services de CJF conformément au règlement (UE) 2016/679 du Parlement européen et du Conseil relatif à la protection des données à caractère personnel (RGPD).