Ee Geléierten Kach

il y a 11 heures


Bettembourg, Luxembourg APEMH Temps plein

Beschreiwung
D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hiere Restauant am Parc Merveilleux zu Beetebuerg, een geléierte Kach fir een CDI - Vollzäit fir direkt oder no Ofsprooch.

Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif...).

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

**Responsabilitéiten**
- Qualitativ heichfärteg Menüer prepareiren fir Visiteuren an Matarbechter vum Parc
- An der Ekippe t‘Organisatioun vun der Aarbecht a vun der Produktion assureiren
- Liewensmëttelversuergung/Stockage laut de gesetzlichen Bestemmungen
- Uwennung a Kontroll vun Gesondheets
- a Sécherheetsnormen
- Mat enger Ekipp vun Leit zesummen schaffen, déi eng intellektuell Beanträchtegung hunn

Aarbechtszäiten sinn vun Oktober bis März (ausserhalb Saison) vu Méindes bis Freides, an all Weekend während der Ouverture vum Park (Mäerz - Oktober). Owes ass zou.

**Obligatoresch Ufuerderungen**
- am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom (DAP) an der Restauratioun sinn
- Sënn vu Verantwortung hunn fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren
- iwwert Flexibilitéit um Niveau vun den Aarbechtszäiten, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen
- eegestänneg an organiséiert schaffe kënnen
- Verständnis vun der letzbuergescher Sprooch ass obligatorisch, an Schwätzen vun weinsdens enger vun deenen 3 landesüblichen Sprochen
- de Führerschäin Klass B hunn

**Wënschenswäert Ufuerderungen**

Beruffserfarung an der Aarbecht mat Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.

**Mir bidden**
- attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen.
- en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.

Sproochen Luxembourgish; Letzeburgesch German French Educatioun Diploma of Professional Aptitude (DAP)


  • Ee Geléierten Schräiner

    il y a 2 semaines


    Bettembourg, Luxembourg APEMH Temps plein

    Beschreiwung D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Atelieren zu Beetebuerg, ee geléierten Schräiner (w/m/x) fir, ee CDI 40 Stonnen/Woch - fir direkt oder no Ofsprooch. Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze...


  • Bettembourg, Luxembourg APEMH Temps plein

    Beschreiwung D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht, fir hiren Parc Merveilleux zu Beetebuerg, ee geléierten Floriculteur, fir ee CDI an Vollzäit - fir direkt oder no Ofsprooch. Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze...