Ee Geléierten Schräiner

il y a 2 semaines


Bettembourg, Luxembourg APEMH Temps plein

Beschreiwung
D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Atelieren zu Beetebuerg, ee geléierten Schräiner (w/m/x) fir, ee CDI 40 Stonnen/Woch - fir direkt oder no Ofsprooch.

Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif...).

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

**Responsabilitéiten**

Dir schafft an enger Schräinerei mat Léit déi eng intellektuell Beanträchtegung hunn.

**Obligatoresch Ufuerderungen**

D'Kandidate sollen:

- am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom (DAP) als Schräiner sin
- Sënn vu Verantwortung hunn fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren
- iwwert Flexibilitéit um Niveau vun den Aarbechtszäiten, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen
- eegestänneg an organiséiert schaffen kënnen
- déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen
- de Führerschäin Klass B hunn.

**Mir bidden**
- attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen.
- en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.

Sproochen Luxembourgish; Letzeburgesch French German Educatioun Diploma of Professional Aptitude (DAP) Beruffserfarung 0+ years



  • Bettembourg, Luxembourg APEMH Temps plein

    Beschreiwung D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht, fir hiren Parc Merveilleux zu Beetebuerg, ee geléierten Floriculteur, fir ee CDI an Vollzäit - fir direkt oder no Ofsprooch. Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze...

  • Ee Geléierten Kach

    il y a 14 heures


    Bettembourg, Luxembourg APEMH Temps plein

    Beschreiwung D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hiere Restauant am Parc Merveilleux zu Beetebuerg, een geléierte Kach fir een CDI - Vollzäit fir direkt oder no Ofsprooch. Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze...