D’fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf Stellt Verschidde Profiller An

Il y a 2 jours

Mersch, Luxembourg Fondation Lëtzebuerger Kannerduerf Temps plein
Beschreiwung CDI 50
- 100% (m/w/d)
: Fir eis verschidde Strukturen am Land Miersch
- Gralingen
- Alzeng
: Mir sichen engagéiert Fachleit, déi Kanner a Jugendlecher: wäertschätzend, ressourcenorientéiert an empathesch begleeden.: Dir sidd Auxiliaire de vie, Aide-éducateur oder Éducateur diplômé an Dir wëllt Iech am soziale Beräich asetzen, Verantwortung iwwerhuelen: an e reelle Bäitrag fir d’Zukunft vu Kanner a Jugendleche leeschten?: Da kommt bei eis an eng Equipe, déi zesummenhält, déi Vertrauen an Engagement lieft, an déi all Kand a senger Eenzegaartegkeet respektéiert an ënnerstëtzt.: Zesumme schafe mir e séchert, stabilt an respektvollt Ëmfeld, an deem Kanner a Jugendlech sech kënnen entwéckelen, wuessen an hir Stäerkte entdecken.: Mir freeën eis op Är Kandidatur : Är

Aufgaben:
- Dir schafft am deeglechen Encadrement vu Kanner a Jugendlechen
- Zesumme mat ären Team-KolleegInnen an a Récksprooch mam Chef de groupe suergt Dir fir e pedagogesch strukturéierten a séchere Kader, deen et de Kanner a Jugendlechen erlaabt, sech weider ze entwéckelen a selbststänneg ze ginn
- Dir sidd Referenzerzéier vun engem oder zwee Kanner oder Jugendlechen Äre Profil:
- Dir hutt en unerkannten Ofschloss, deen de gesichte Profiller entsprëcht, souwuel wéi « d’Autorisation d’exercer » wann dir Educateur diplômé sidd oder d’« Formation de l’accueil de base » wann dir Aide-éducateur sidd
- Dir sidd flexibel wat d‘Aarbechtszäiten ugeet (Dag
- an Nuetschichten)
- Dir sidd teamorientéiert a bereet an engem multidisziplinären Team ze schaffen
- Dir hutt eng zilorientéiert a strukturéiert Aart a Weis ze schaffen
- Dir hutt eng gutt Beobachtungs
- a Reflexiounsfäegkeet
- Dir hutt Spass un systemesch-, ressourcen
- a léisungsorientéiertem Denken an Handelen
- Dir hutt de Führerschäin (B)
- Dir schwätzt Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, all weider Sprooch assi vu Virdeel Mir bidden:
- Eng diversifizéiert an interessant Aarbecht bei engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner
- a Jugendhëllef
- Reegelméisseg Weiderbildung an de Beräicher Bindung an Trauma, SOP, Kanner
- a Jugendschutz
- Reegelméisseg Teamversammlungen, Supervisiounen, Formatiounen
- Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS (C2 bis C4 laut Diplom)
- Sympass Kaart Mir bieden Iech folgend Dokumenter am Formulaire eropzelueden:
- Motivatiounsbréif
- Liewenslaf mat Foto
- Kopie vum Diplom
- Autorisation d'excercer (Educateur diplômé) Am Fall vun engem Recrutement, gidd dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 a n°5 gefroot. Sproochen Luxembourgish; Letzeburgesch French German