Een Aide-soignant

il y a 2 semaines


MondorflesBains, Luxembourg APEMH Temps plein

Beschreiwung
D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hiren Service d'Activités de Jour (SAJ) zu Mondorf, een Aide-soignant (w/m/x) - fir een CDI vun 40 Stonnen/Woch, fir direkt oder no Ofsprooch.

Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif...).

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

**Responsabilitéiten**:
Begleedung am Alldag vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung.

**Obligatoresch Ufuerderungen**:
D’Kandidate sollen:

- am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom/Certificat (Aide-soignant, Auxiliaire de vie, Erzéier oder Aide-Éducateur) sinn
- Beruffserfarung hunn
- Sënn vu Verantwortung hunn, fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren
- iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen
- eegestänneg an organiséiert schaffe kënnen
- déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen
- de Führerschäin Klass B hunn

**Wënschenswäert Ufuerderungen**:
Erfarung mat Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.

**Mir bidden**:

- attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen
- en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung

Sproochen Luxembourgish; Letzeburgesch Educatioun Diploma of Professional Aptitude (DAP) Beruffserfarung 0+ years


  • Een Aide-boulanger

    il y a 18 heures


    Mondorf-les-Bains, Luxembourg elisabeth Temps plein

    **Är Aufgaben**: D’Yolande Coop sicht fir säin Atelier d’inclusion professionnelle Bäckerei ‘Klouschterbrout’ zu Mondorf-les-Bains en neie Mataarbechter. Disponibilitéit: Abrëll 2023 fir 6 Méint Aarbechtsbeschreiwung: - Produktioun vu Brout, Viennoiserie, Kuchen an anere Bäckerei-Produiten - Ausliwwere vun eise Produite bei d‘Clienten -...