Een Aide-boulanger

il y a 2 semaines


MondorflesBains, Luxembourg elisabeth Temps plein

**Är Aufgaben**:
D’Yolande Coop sicht fir säin Atelier d’inclusion professionnelle Bäckerei ‘Klouschterbrout’ zu Mondorf-les-Bains en neie Mataarbechter.

Disponibilitéit: Abrëll 2023 fir 6 Méint

Aarbechtsbeschreiwung:

- Produktioun vu Brout, Viennoiserie, Kuchen an anere Bäckerei-Produiten
- Ausliwwere vun eise Produite bei d‘Clienten
- Begleedung vun de Mataarbechter mat enger intellektueller Beanträchtegung
- Schichtstart um 5 Auer

**Äre Profil**:

- CCP Aide-Boulanger oder eng signifikant Erfarung am Bäckerberuff
- Dir hutt Freed um Bäckerberuff a schafft gären an der Nuecht
- Dir sidd motivéiert, zouverlässeg a flexibel
- Dir hutt Interessi un der Aarbecht mat Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung
- Dir schwätzt lëtzebuergesch
- Dir hutt de Permis B, en Auto a kënnt mat enger Camionnette fueren

**Mir bidden**:

- Eng interessant an ofwiesslungsräich Aarbecht
- Schaffen an engem modernen an dynamesche Betrib an deem Mataarbechter mat enger Behënnerung an engem betreiten Ëmfeld schaffen
- Bezuelung an Aarbechtskonditioune laut Kollektivvertrag aus dem Soziale Secteur

(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL GINN NET BERÜCKSICHTEGT)

**Uspriechpartner**:
Yolande Coop SIS
Directrice:
Maud HANSEN
6, Avenue Marie-Adelaïde
L-5635 Mondorf-les-Bains


  • Een Aide-soignant

    il y a 4 semaines


    Mondorf-les-Bains, Luxembourg APEMH Temps plein

    Beschreiwung D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hiren Service d'Activités de Jour (SAJ) zu Mondorf, een Aide-soignant (w/m/x) - fir een CDI vun 40 Stonnen/Woch, fir direkt oder no Ofsprooch. Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg...