Aide-boulanger (M/w)

il y a 2 semaines


MondorflesBains, Luxembourg Elisabeth Temps plein

D’Yolande Coop sicht fir säin Atelier d’inclusion professionnelle Bäckerei ‘Klouschterbrout’ zu Mondorf-les-Bains en neie Mataarbechter.

Disponibilitéit: Abrëll 2023 fir 6 Méint

Aarbechtsbeschreiwung:

- Produktioun vu Brout, Viennoiserie, Kuchen an anere Bäckerei-Produiten
- Ausliwwere vun eise Produite bei d‘Clienten
- Begleedung vun de Mataarbechter mat enger intellektueller Beanträchtegung
- Schichtstart um 5 Auer

Äre Profil:

- CCP Aide-Boulanger oder eng signifikant Erfarung am Bäckerberuff
- Dir hutt Freed um Bäckerberuff a schafft gären an der Nuecht
- Dir sidd motivéiert, zouverlässeg a flexibel
- Dir hutt Interessi un der Aarbecht mat Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung
- Dir schwätzt lëtzebuergesch
- Dir hutt de Permis B, en Auto a kënnt mat enger Camionnette fueren

Eng interessant an ofwiesslungsräich Aarbecht Schaffen an engem modernen an dynamesche Betrib an deem Mataarbechter mat enger Behënnerung an engem betreiten Ëmfeld schaffen Bezuelung an Aarbechtskonditioune laut Kollektivvertrag aus dem Soziale Secteur

(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL GINN NET BERÜCKSICHTEGT)

[nbsp]


  • Een Aide-soignant

    il y a 4 semaines


    Mondorf-les-Bains, Luxembourg APEMH Temps plein

    Beschreiwung D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hiren Service d'Activités de Jour (SAJ) zu Mondorf, een Aide-soignant (w/m/x) - fir een CDI vun 40 Stonnen/Woch, fir direkt oder no Ofsprooch. Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg...


  • Mondorf-les-Bains, Luxembourg Stëftung Hëllef Doheem Temps partiel

    Teil der Stëftung Hellef Doheem zu sein bedeutet, dem Marktführer für Hilfs- und Pflegenetzwerke in Luxemburg anzugehören. Unseren heute mehr als 2000 Mitarbeitern, die unsere Klienten begleiten, liegt es am Herzen, diesen qualitativ hochwertige Pflegeleistungen zu bieten.Für unser Hilfs- und Pflegezentrum in Mondorf suchen wireinen Altenpfleger...