Ee Pedagogesche Beroder
Il y a 6 mois
Beschreiwung
D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir direkt oder no Ofsprooch fir de **Centre de Ressources pédagogiques et formatives en matière d’inclusion INCLUSO**, **ee pedagogesche Beroder fir een CDI Vollzäit oder Deelzäit (Bachelor-Carrière C6, Master-Carrière C7)**
Mir géingen eis freeë fir an eist Team dierfe wëllkomm ze heeschen: Eng Persoun déi Loscht an Interesse huet am Beräich vun der pedagogesche Berodung a Weiderbildung vu professionellen Teams/ Erwuessenen ze schaffen.
**Responsabilitéiten**:
- Beroden, Begleeden an Ënnerstëtze vu Services d’éducation et d’accueil SEA (Maison Relais, Crèche, Foyer de jour) bezüglech der pedagogescher Ëmsetzung vun Inklusioun am Alldag.
- Entwécklung, Ausschaffen an Duerchféierung vun innovative Modeller vu Berodung an Ënnerstëtzung (Workshops, Sensibilisatiounen, Formatiounen, Plateformes d’échanges,.) fir déi pedagogesch Equippen.
- Entwécklung an Ausschaffe vun innovativen a praxisorientéierte Ressourcen/Medie fir d’Equippen.
**Ufuerderungen**:
- Am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannte Bachelor oder Master-Diplom sinn (z.B. Pedagog, Heelpedagog, Ergotherapeut, Psychomotoriker, Educateur gradué, Psychologe, Bildungswissenschaftler,.....)
- Iwwert unerkannte Fäegkeeten an Techniken an der Gesprächsführung, Kommunikatioun a Berodung verfügen.
- Kompetenzen an der Erwuessenebildung hunn.
- Fäeg si viru Publikum ze schwätzen a Gruppen ze animéieren.
- Pertinent Rapporte schreiwe kennen.
- Seng Aarbecht gewëssenhaft an eegenverantwortlech organiséiere kënnen, am Respekt vun de Wäerter an de Missioune vum INCLUSO an der APEMH.
- Iwwert Motivatioun, Eegeninitiativ, Kreativitéit, Kritikfäegkeet, Humor an Equippegeescht verfügen.
- Intresséiert dru sinn, selwer Neies ze leieren an auszeprobéieren.
- Déi lëtzebuergesch, däitsch a franséisch Sprooch beherrschen.
- Déi gängeg informatesch Programmer (Word, Outlook, PP, Excel) beherrschen.
- De Führerschäi Klass B hunn.
**Vun Virdeel wier**:
- Erfarungen am Beräich vun der Inklusioun an der non-formaler Bildung.
- Erfarungen am Beräich vun der Kreatioun vun digitale pedagogesche Materialien.
**Mir bidden**:
- attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen
- Méiglechkeet sech an engem dynameschen a kreativen Aarbechtsemfëld an ze bréngen an den INCLUSO mat weider ze entwéckelen.
Sproochen Luxembourgish; Letzeburgesch French German Educatioun Bachelor
-
Ee Psycholog
Il y a 6 mois
Luxembourg APEMH Temps pleinBeschreiwung D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Wunn - a Dagesstrukture am Süde vum Land **ee Psycholog (w/m/x) - **CDI 32 Stonnen/Woch - fir direkt oder no Ofsprooch. Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze...
-
Ee Référent Pédagogique Plurilingue
Il y a 3 mois
Luxembourg Croix-Rouge luxembourgeoise Temps plein**Lëtzebuerger Rout Kräiz **rekrutéiert **Ee Référent pédagogique plurilingue (M/F/D) - Referenz : 4727** fir seng nei „Naturcrèche“ zu Dippech op Basis vun engem CDI mat 40 Stonnen/Woch. Hutt Dir Loscht Kanner am Alter vun 18 Méint bis 4 Joer op enger spillerescher Aart a Weis d’Natur méi no ze bréngen? Dir hutt de Kapp voller Iddien a...
-
Référent Pédagogique Plurilingue
il y a 1 mois
Luxembourg Croix-Rouge luxembourgeoise Temps pleinD'**Lëtzebuerger Rout Kräiz **rekrutéiert **Ee Référent pédagogique plurilingue (M/F/D) **Referenz : 4984** fir seng „Naturcrèche“ zu Dippech op Basis vun engem CDI mat 40 Stonnen/Woch. Hutt Dir Loscht Kanner am Alter vun 18 Méint bis 4 Joer op enger spillerescher Aart a Weis d’Natur méi no ze bréngen? Dir hutt de Kapp voller Iddien a sidd...