Ee Pedagogesche Beroder

il y a 3 jours


Luxembourg APEMH Temps plein

Beschreiwung
D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir direkt oder no Ofsprooch fir de **Centre de Ressources pédagogiques et formatives en matière d’inclusion INCLUSO**, **ee pedagogesche Beroder fir een CDI 20 Stonnen Deelzäit (Master-Carrière C7)**

Mir géingen eis freeë fir an eist Team dierfe wëllkomm ze heeschen: Eng Persoun déi Loscht an Interesse huet am Beräich vun der pedagogesche Berodung a Weiderbildung vu professionellen Teams/ Erwuessenen ze schaffen.

**Responsabilitéiten**:

- Beroden, Begleeden an Ënnerstëtze vu Services d’éducation et d’accueil SEA (Maison Relais, Crèche, Foyer de jour) bezüglech der pedagogescher Ëmsetzung vun Inklusioun am Alldag.

- Entwécklung, Ausschaffen an Duerchféierung vun innovative Modeller vu Berodung an Ënnerstëtzung (Workshops, Sensibilisatiounen, Formatiounen, Plateformes d’échanges,.) fir déi pedagogesch Equippen.

- Entwécklung an Ausschaffe vun innovativen a praxisorientéierte Ressourcen/Medie fir d’Equippen.

**Ufuerderungen**:

- Am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannte Master-Diplom sinn (z.B. Pedagog, Heilpedagog, Psychologe, Bildungswissenschaftler,.....)

- Iwwert unerkannte Fäegkeeten an Techniken an der Gesprächsführung, Kommunikatioun a Berodung verfügen.

- Kompetenzen an der Erwuessenebildung hunn.

- Fäeg si viru Publikum ze schwätzen a Gruppen ze animéieren.

- Pertinent Rapporte schreiwe kennen.

- Seng Aarbecht gewëssenhaft an eegenverantwortlech organiséiere kënnen, am Respekt vun de Wäerter an de Missioune vum INCLUSO an der APEMH.

- Iwwert Motivatioun, Eegeninitiativ, Kreativitéit, Kritikfäegkeet, Humor an Equippegeescht verfügen.

- Intresséiert dru sinn, selwer Neies ze leieren an auszeprobéieren.

- Déi lëtzebuergesch, däitsch a franséisch Sprooch beherrschen.

- Déi gängeg informatesch Programmer (Word, Outlook, PP, Excel) beherrschen.

- De Führerschäi Klass B hunn.

**Vun Virdeel wier**:

- Erfarungen am Beräich vun der Inklusioun an der non-formaler Bildung.

- Erfarungen am Beräich vun der Kreatioun vun digitale pedagogesche Materialien.

**Mir bidden**:

- attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen

- Méiglechkeet sech an engem dynameschen a kreativen Aarbechtsemfëld an ze bréngen an den INCLUSO mat weider ze entwéckelen.

Sproochen Luxembourgish; Letzeburgesch German French Educatioun Master


  • Ee Qualitéit’s Beroder

    il y a 3 jours


    Luxembourg Croix-Rouge luxembourgeoise Temps plein

    **Ee Qualitéit’s Beroder (m/w/d) - Referenz: 3545** fir säi Service « Qualité, Innovation et Développement (QuID) » am CDI fir 32-40 Stonnen/Woch. Den Qualitéit’s Beroder huet als Haaptmissioun déi verschidde Servicer vun der Croix-Rouge an de Beräicher Non-Formal Bildung an Kanner - an Familljenbetreiung an hiren Entwécklungsdémarchen ze...


  • Luxembourg Croix-Rouge luxembourgeoise Temps plein

    **Lëtzebuerger Rout Kräiz **rekrutéiert **Ee Référent pédagogique plurilingue (M/F/D) - Referenz : 4727** fir seng nei „Naturcrèche“ zu Dippech op Basis vun engem CDI mat 40 Stonnen/Woch. Hutt Dir Loscht Kanner am Alter vun 18 Méint bis 4 Joer op enger spillerescher Aart a Weis d’Natur méi no ze bréngen? Dir hutt de Kapp voller Iddien a...


  • Luxembourg, Luxembourg Croix-Rouge luxembourgeoise Temps plein

    Référent pédagogique inclusion an ee Référent pédagogique plurilingue (M/F/D) - Referenz :6062Fir seng Maison Relais (Cycle 1) zu Lorentzweiler op Basis vun engem CDD mat 35 Stonnen/Woch, démarrage au plus vite, bis Ende August 2026Hutt Dir Loscht Kanner am Alter vun 3 Méint bis 4 Joer op enger spillerescher a freedeger Aart a Weis ze encadréieren?...

  • NEW Responsable

    il y a 1 semaine


    Luxembourg, Luxembourg arcus asbl Temps plein

    Mir sichen fir d'Internat Mäerzeg ee Responsable (M/W/NB) am CDI mat 40 Stonnen/WochD'Internat Mäerzeg bitt Plaz fir 27 Kanner aus der Primärschoul. Hei fënns du eng Rëtsch Raimlechkeeten an e grousse Bausseberäich déi de Besoine vun de Kanner entspriechen. Mäerzeg, als naturno Uertschaft, ass déi ideal Platz vill flott Aktivitéiten zesumme mat...