Een Psycholog
il y a 1 semaine
Beschreiwung
D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Wunnstrukturen an/oder Atelieren am Norden vum Land, een Psycholog (w/m/x) fir ee CDI 40 oder 20 Stonnen/Woch - fir direkt oder no Ofsprooch.
Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif...).
Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.
**Responsabilitéiten**:
- Är Missiounen fir den Atelieren (20 Stonnen/Woch) sinn :_
- d'Berodung a d'Begleedung am psychologesche Beräich vum edukativen an technesche Personal a vun de Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung.
- Är Missiounen fir de Wunnstrukturen (20 Stonnen/Woch) sinn:_
- Oprechterhalen a Fërderung vum Wuelbefannen an der mentaler Gesondheet vun der Persoun unhand vun sengen Fachkenntnesser
- Iwwerwaachung vun der pedagogescher / edukativer Approche am Zesummenhang mat psychologeschen, psychiatreschen a verhalensbezunnenen Schwieregkeeten
- Iwwergraïfend als Beroder fir mental Gesondheet déngen
**Obligatoresch Ufuerderungen**:
D’Kandidate sollen:
- am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom als Psycholog sinn
- iwwert Beruffserfarung verfügen
- Sënn vu Verantwortung hunn fir en optimale professionellen Encadrement vu Persoune mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren
- iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen
- eegestänneg an organiséiert schaffe kënnen
- Equippegeescht hunn
- déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen
- de Führerschäin Klass B hunn
**Mir bidden**:
- attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen
- en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vu Persoune mat enger Beanträchtegung
Sproochen Luxembourgish; Letzeburgesch French German Educatioun Master Beruffserfarung 0+ years
-
Ee Psycholog
il y a 5 heures
Luxembourg, Luxembourg APEMH Temps pleinBeschreiwungD'APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hire « Centre Ressource Parentalité » - ee Psycholog / Master an der Psychologie oder Psychothérapie (w/m/x) fir ee CDI - 20 Stonnen/Woch fir direkt oder no Ofsprooch.Wann den Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt...
-
Psycholog - Quai 57 (M/w)
il y a 5 jours
Luxembourg arcus asbl Temps pleinBeschreiwung arcus Kanner, Jugend a Famill asbl ass en Acteur am soziale Secteur a besteet aus 48 Strukture mat iwwer 1200 Mataarbechter. D’Organisatioun proposéiert en dynamescht Netzwierk mat edukativen, psychopedagogeschen an therapeutesche Servicer fir Kanner, Jugendlecher, Erwuessener a Familljen. Mir siche fir de Quai 57 - Suchberodungsstell...
-
Een Psycholog Fir Hir Wunnstrukturen An/oder
il y a 1 semaine
Luxembourg APEMH Temps plein**Är Missiounen fir den Atelieren (20 Stonnen/Woch) sinn**: d'Berodung a d'Begleedung am psychologesche Beräich vum edukativen an technesche Personal a vun de Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung. **Är Missiounen fir de Wunnstrukturen (20 Stonnen/Woch) sinn**: - Oprechterhalen a Fërderung vum Wuelbefannen an der mentaler Gesondheet vun der...
-
NEW Therapeutesche Beroder
il y a 4 jours
Luxembourg, Luxembourg arcus asbl Temps pleinBeschreiwungMir siche fir eise neien Centre de jour socio-thérapeutique "Kairos" (Stad): Therapeutesche Beroder (M/W/NB) am CDI mat 30 Stonnen/WochAm Centre de jour socio-thérapeutique begleet eis multidisziplinär Equipe 6 Kanner am Prinzip am Alter vu 6 bis 12 Joer. Fir all Kand gëtt et een individuelle Plang, deen am Laf vu senger Entwécklung ëmmer...