E Puer Erzéier
il y a 1 semaine
D'FONDATIOUN KANNERSCHLASS rekrutéiert:
**e puer Erzéier (M/F/d)**:
**CDI, 30 Stonnen/Woch**:
Referenz: SA-US-ED
Referenz: SA-ME-ED
Dës Posten ginn ugebueden am Kader vun der Ouverture vun eise neie stationären Ariichtungen zu Uebersyren an zu Märzeg. Déi nei Foyerë wäerte jeeweils 4 Kanner / Jugendlecher am Alter tëschent 4 an 18 Joer ophuelen. D’Aarbecht besteet doranner dës Kanner am Alldag z‘encadréieren, hinnen déi néideg Hëllefstellungen ze ginn a si an hirer Autonomie ze fërderen.
Ee weideren Aspekt vun der Aarbecht ass eng intensiv Zesummenaarbecht mat der Famill an de Servicer, déi am Projet vum Kand involvéiert sinn.
**Missiounen**:
- aktiv Partizipatioun um Alldagsliewen am Foyer
- individuellen a familiäre Suivi vun de Kanner aus dem Foyer
- aktiv Zesummenaarbecht mat de Memberen aus der Equipe an den externe Professionellen zum Wuel vun de Kanner
**Noutwendeg Kompetenzen**:
- Diplom vum Educateur diplômé
- Fäegkeet an enger pluridisziplinärer Equipe ze schaffen
- Bereetschaft op Schichten ze schaffen
- Beherrsche vun den 3 Landessproochen
- Fürerschäin B
- Eng berufflech Erfarung am Heemberäich ass vu Virdeel
Bei enger Astellung froe mir de Bulletin 4 a 5 aus dem Casier judiciaire.
D'Bezuelung ass konform mat den Dispositioune vun der CCT SAS.