Eng Botzkraaft
il y a 1 jour
Beschreiwung D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Atelieren um Nossbierg zu Esch/Uelzecht, eng Botzkraaft (w/m), fir een CDI - 20 Stonnen/Woch - fir direkt oder no Ofsprooch. Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken ( CV, Motivatiounsbréif...). Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot. Verantwortungen Mir sichen eng Botzkraaft fir eis Atelieren um Nossbierg zu Esch/Uelzecht, fir den hygieneschen Ënnerhalt vun der Kichen an d'Encadrement vu Mataarbechter mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren. "Must have" Ufuerderungen D'Kandidaten sollen: - iwwert Beruffserfarung verfügen - eegestänneg, grëndlech an organiséiert schaffen kënnen - déi lëtzebuergesch Sprooch beherrschen, franséisch an däitsch sin vun Virdeel - den Führerschäin Klasse B hunn "Nice to have" Ufuerderungen Kentnisser vun den HACCP Normen sin vun Virdeel. Mir bidden - attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen - en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung Sproochen Luxembourgish; Letzeburgesch French German Educatioun Lycée Ofschloss Beruffserfarung 0+ years