Eendiploméierten Erzéier

il y a 3 jours


Luxembourg APEMH Temps plein

Beschreiwung
D’APEMH - Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, **sicht ab den 1.2.2026**, **een diploméierten Erzéier (w/m/x)**fir 40 Stonnen/Woch - op onbestëmmten Zäit fir hiert “Nidderkuerer Haus”.

**Job description**

Mir bidden Iech d’ Geleeënheet Deel vun enger engagéierter, multidisziplinärer Ekipp ze ginn mam Optrag, Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung am Kader vun de Wäerter, fir déi d’ APEMH sech asetzt, ze begleeden. Mir sichen e Mataarbechter oder eng Mataarbechterin, den Erfahrung an Kompetenz huet am pädagogesche Beräich esou wéi an der Ënnerstëtzung a Berodung vun de Bewunner an hirem individuellen Liewensprojet. Zum Optrag gehéiert esouwuel Ënnerstëtzung am Alldag, bei der Fräizäitgestaltung, beim Akafen esou wéi bei administrativen Démarchen.

**Genau an dësem Kader sichen mir eng engagéiert Mataarbechterin / en engagéierte Mataarbechter déi/deen**

-**
autonom** ka schaffen an dobäi **verantwortungsbewosst** handelt,

- **gären am Team** schafft an eng positiv Atmosphär matgestalt,

- **kreativ** ass a Freed drun huet, nei Iddeeën fir d’Begleedung an den Alldag anzebréngen,

- **oppe fir nei Erausfuerderungen** ass a flexibel op verschidde Situatioune reagéiere kann,

- **iwwer Respekt, Gedold an Empathie verfügt fir** mat **Leit mat intellektueller Beeinträchtegung** zesummen ze schaffen.

**Wann Dir Iech vun dëser Beschreiwung ugesprach fillt, da freeë mir eis, vun Iech ze héieren**

Zéckt nët eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif...).

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

**Mir bidden**
- attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen

- en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.

Sproochen Luxembourgish; Letzeburgesch German French Educatioun Diploméierten Éducateur (14e)