Administrativ Mataarbechter
il y a 2 semaines
Beschreiwung D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht, fir direkt oder no Ofsprooch fir hiren Département Administration et Finances, administrativ Mataarbechter - (m/w) Vollzäit zu Esch/Ulezecht, Centre Nossbierg fir ee CDD 3 Méint ab direkt. Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif...). Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot. **Responsabilitéiten**: - Réceptioun vun Leit, Telefon an Liwwerungen um Centre Nossbierg zu Esch - Commande vum Material an d’Gestioun vum Stock a vum Fuerpark - Preparatioun an Encodage vu Rechnungen - Encodage vun Prestatiounen am Kader vun der Assurance Dépendance an der Assurance Maladie **Obligatoresch Ufuerderungen**: D'Kandidaten sollen: - een zu Lëztebuerg unerkannten Diplom DAP ( Divisioun Administratioun) hunn - iwwert Grondkenntnisser an der Comptabilitéit verfügen - gudde Kontakt mat Leit hunn - gutt Kenntnisser am "MS Office" hunn - flexibel, autonom an grëndlech sinn - déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen **Wënschenswäert Ufuerderungen**: - Kenntnisser vum BOB an/oder der Assurance Dépendance si vun Virdeel awer kee Muss **Mir bidden**: - attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen - en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit vun eiser Aarbecht Sproochen Luxembourgish; Letzeburgesch French German Educatioun Diploma of Professional Aptitude (DAP) Beruffserfarung 0+ years