1 Ergotherapeut Oder Heilpädagog

il y a 12 heures


Redange, Luxembourg Op der Schock Temps plein

Op der Schock, asbl stellt an:
**1 Ergotherapeut oder Heilpädagog (M/F/n), CDI 40St./Woch fir eise Service Ressources**

Deng Missioun:
Am Service Ressources schaffs du zesummen an engem multidisziplinären Team. Du schaffs souwuel an Eenzelförderung mat eise Bénéficiairen, wéi och an der serviceiwwergräifender Koordinatioun vun der pedagogescher Aarbecht, wou’s du d‘Teams vun deene verschiddenen Servicer ënnerstëtz.

Zu denger Aarbecht als Ergotherapeut/Heelpedagog gehéieren:

- Fërderung vu Mënsche mat intellektueller Beanträchtegung an der Eenzelbetreiung oder a Gruppen
- Ganzheetlech Fërderpläng mat ausschaffen, konforme zu de sozio
- pedagogeschen Zieler déi mat dem Bénéficiaire ausgeschafft goufen an zu de Prescriptioune vun der Flegeversécherung
- Des Fërderpläng am Logiciel Vivendi uleeën, Informatiounen un d‘Mataarbechter weiderginn an de Suivi vun der Dokumentatioun maachen.
- D'Kontroll vun de Prestatiounen déi am Kader vun der Flegeversécherung geleescht goufen an d‘Virbereedung fir d‘Facturatioun.
- De Suivi vum Logiciel Vivendi (Kontakt mam Prestataire, Formatioun vun de Mataarbechter, asw)

Qualifikatioun a Kompetenzen:

- Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Ergotherapeut oder Heelpedagog
- Freed an Engagement an der Aarbecht mat Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung
- Eng respektvoll, wohlwollend an léisungsorientéiert Haltung an der Aarbecht
- Gutt Kenntnisser vun der Flegeversécherung
- Gutt Kompetenzen an der Verschrëftlechung an an der Erstellung vu Fërderpläng
- Excellent Kommunikatiounskompetenzen (net wäertend, faktebaséiert,)
- Kapabel autonom ze schaffen a Responsabilitéit ze iwwerhuelen
- Flexibilitéit an Teamfäegkeet
- Strukturéiert a koordinéiert Schaffen, gutt Zäitgestioun
- Liichtegkeet an der Aarbecht mat Logiciel’en, Kenntnisser vum Vivendi si vu Virdeel

Konditiounen:

- Salaire a Konditioune vum CCT SAS
- Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
- Führerschäi B
- Well dir mat Mënsche mat enger Beanträchtegung schafft, gëtt och een Extrait (3,4 a 5) aus dem Casier judiciaire gefrot Lëtzebuergesch schwätzen ass eis wichteg, fir dass déi betreite Persounen hir Betreier verstinn.

Wann Dir interesséiert sidd, schéckt Är Demande (Liewenslaf, Motivatiounsbréif, Foto, Kopie vum néidegen Diplom a senger Unerkennung zu Lëtzebuerg) un:
Op der Schock

Ressources humaines

B.P.10

L-8501 Redange



  • Redange, Luxembourg Op der Schock Temps plein

    Op der Schock, société coopérative stellt an: **1 kreativen Educateur oder Keramiker (M/F/n), CDI 40 St./Woch fir eisen Keramikatelier zu Réiden** Missioun: - Zesumme mat engem Grupp vu Mënschen mat enger intellektueller Beanträchtegung am Keramikatelier Cache-pot’en, Dekoartikelen, Schosselen asw. hierstellen - Encadrement vum Grupp: -...


  • Redange, Luxembourg Op der Schock asbl Temps plein

    **D’asbl Op der Schock stellt an**: **1 Recéptionniste (M/F/n), CDI 24St/Woch** Deng Missioun: - Telefonsuriff entgéinthuelen a geréieren - Visiteur’en empfänken a guidéieren - Aide-Sekretariatsaarbechten am Beräich vun de Ressources Humaines iwwerhuelen, wéi zum Beispill: Courrier/Attestatioune virbereeden a fortschécken, Dokumenter ascannen a...