Een Erzéier Oder Aide-soignant
il y a 7 jours
Beschreiwung D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hiren Service d'Activités de Jour zu Klierf, een Erzéier oder Aide-soignant (w/m) fir ee CDD 32 Stonnen/Woch - fir eng Dispens an Congé Maternité ze ersetzen - fir direkt oder no Ofsprooch. Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif...). Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot. Verantwortungen Begleedung am Alldag vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung. "Must have" Ufuerderungen D’Kandidate sollen: - am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn - Sënn vu Verantwortung hunn, fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren - iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen - eegestänneg an organiséiert schaffen kënnen - déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen - de Führerschäin Klass B hunn "Nice to have" Ufuerderungen Beruffserfarung an der Aarbecht mat Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel. Mir bidden - attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen - en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung Sproochen Luxembourgish; Letzeburgesch French German Educatioun Eppes anescht Beruffserfarung 0+ years