Diploméiert Erzéier

il y a 1 semaine


Luxembourg APEMH Temps plein

Beschreiwung
D'APEMH, Associatioun am Déngscht vu Léit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hire Familljen, sicht fir hiren Service SAS zu Esch-Uelzecht an Jonglénster 2 diploméiert Erzéier (w/m/x) fir ee CDI - 40 Stonnen/Woch & 20 Stonnen/Woch fir direkt oder no Ofsprooch.

Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif,).

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

**RESPONSABILITÉITEN**:

- ambulant Begleedung vun Erwuessenen mat enger intellektueller Beanträchtegung.
- Berodung an Hëllefstellung am Alldag ubidden.
- Suivi à domicile am Kader vum autonomen Wunnen garantéieren.

**OBLIGATORESCH UFUERDERUNGEN**:
D' Kandidate sollen:

- am Besetz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn
- iwwert Beruffserfahrung verfügen
- iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen
- eegestänneg an organiséiert schaffe kennen
- déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen
- de Führerschäin Klass B hunn.

**WENSCHENSWÄERT UFUERDERUNGEN**:
Erfahrung an der Aarbecht zesumme mat Léit mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.

**MIR BIDDEN**:

- attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen.
- en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.

Sproochen Luxembourgish; Letzeburgesch French German Educatioun Eppes anescht Beruffserfarung 0+ years



  • Luxembourg APEMH Temps plein

    Beschreiwung D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hiren Service SCAF Zentrum-Norden, fir en CDI 20-30 oder 40 Stonnen/Woch, diploméiert Erzéier, graduéiert Erzéier, Heilpädagogen, Therapeuten oder Sozialaarbechter. Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert,...


  • Luxembourg Croix-Rouge luxembourgeoise Temps plein

    **D’Lëtzebuerger Rout Kräiz sicht** fir seng nei Struktur(en) vir onbegleete mannerjäreg Flüchtlingen (MNA) am Süden vum Land, eng pluridisziplinär Equipe. (Referenz: 2152) Dofir siche mir Leit mat folgende Profiller am CDI fir 20 Stonnen/Woch: - **Diploméiert Erzéier (m/w/d)**: - **Auxiliaire de vie (m/w/d)** **Missioun**: - Eng sécher...


  • Luxembourg APEMH Temps plein

    **Responsabilitéiten**: Am Kader vun eisem Service SCAF (Service spécialisé d'accompagnement et de soutien à la parentalité), ennerstëzt Dir Elteren vu Kanner mat enger Behënnerung respektif Elteren mat enger Behënnerung an hirer Elterenfunktioun an hirem Doheem. **Obligatoresch Ufuerderungen**: D'Kandidaten sollen: - Am Besëtz vun engem zu...


  • Luxembourg APEMH Temps plein

    Beschreiwung D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hiren Service CARR Nord (Centre d’activités, de réadaptation et de rencontre), een diploméiert Erzéier oder een Agent éducatif (w/m/x) - CDD (Dispens + congé maternité) - 20 Stonnen/Woch - fir direkt oder no...

  • Diploméiert Erzéier

    il y a 3 jours


    Luxembourg APEMH Temps plein

    Am Kader vun eisem Service SCAF (Service spécialisé d'accompagnement et de soutien à la parentalité), ennerstëtzt Dir Elteren vu Kanner mat enger Behënnerung respektif Elteren mat enger Behënnerung an hirer Elterenfunktioun an hirem Doheem. D'Kandidaten sollen: - Am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom an der...