Ergotherapeut (M/w)

il y a 3 jours


Diekirch, Luxembourg Maison de Soins Sacré-Coeur Temps plein

Är Aufgaben:

- Prestéieren vun den “Activités d'accompagnement an activités d'appui à l'indépendance”
- Prestéieren vun Acten am Kader vun der palliative Fleeg
- Encadrement vun eelere Mënsche mat enger demenzieller Erkrankung an/oder physesch Aschränkungen
- Dir schafft mat un den Projets d'accompagnement indivduels
- “Bilan soutien” erstelle fir d'Bewunner
- Regelméissig Evaluatioun unhand vun Assessments
- Dokumentatioun
- Redaktioun vun internen an externe Rapporten
- Un der Gestaltung an der Ëmsetzung vum Gesamtkonzept vun der Institutioun matschaffen

Äre Profil:

- Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Ergotherapeut (m/w)
- Beruffserfarung a Weiderbildungen am Beräich Fleeg a Betreiung vun eelere Mënschen
- Kenntnisser an der lëtzebuergescher Sprooch (Niveau B2)
- Basis-Computerkenntnisser (MS-Office)
- Verantwortungsbewosstsinn (Grëndlechkeet, Suergfalt, Zouverlässegkeet, Eegeverantwortung an Dynamismus)
- Teamfäegkeet, Kooperatiounsfäegkeet a Flexibilitéit
- Wäertschätzung an Hëllefsbereetschaf
- Bereetschaft sech mat a fir Mënschen ze engagéieren

Mir bidden:

- 20 St/W Aarbechtskontrakt op begrenzten Zäit
- Dës Plaz fält ënnert de SAS-Kollektivvertrag

Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn
- Droit d'exercer
- Casier judiciaire no 4
- Führerschäin Klass B
- Eischt Hëllefscours