Ee Sozialpädagog

il y a 2 semaines


Soleuvre, Luxembourg Fondation Kannerschlass Temps plein

D’FONDATIOUN KANNERSCHLASS rekrutéiert:
**Ee Sozialpädagog / Heilpädagog (M/F/d)**:
CDI, 32 Stonnen/Woch

Referenz: CT-KT-SPHP

Fir d’therapeutescht Internat Kannerhaus Tikkun

D'Kannerhaus Tikkun zu Kayl bitt ënnert der Woch (vu sonndes owes bis freides owes) eng intensiv pädagogesch an therapeutesch Betreiung un, fir Kanner vu 6-12 Joer mat emotionalen a Verhalensschwieregkeeten.

D‘Kannerhaus Tikkun ass d’therapeutescht Internat vum Centre thérapeutique a bitt Plaz fir e Grupp vu 6 Kanner. D’Kanner ginn daagsiwwer an der Dagesstruktur La Passerelle betreit a sinn 1 Dag/Woch an der Grondschoul vu Kayl integréiert. Tëschent deenen 2 Ekippe vum Kannerhaus Tikkun an der La Passerelle gëtt et eng enk Zesummenaarbecht.

**Missiounen**:

- aktiv Partizipatioun um Alldagsliewen am Internat.
- individuellen a familiäre Suivi vun de Kanner aus dem Kannerhaus Tikkun.
- aktiv Zesummenaarbecht mat de Memberen aus der Equipe an den externe Professionellen zum Wuel vun de Kanner.

**Noutwendeg Kompetenzen**:

- Diplom vum Educateur gradué, Educateur spécialisé, Bachelor en sciences sociales et éducatives oder Pédagogue curatif.
- Berufserfarung mat Kanner mat emotionalen an psychesche Stéierungen esou wéi och theoretescht Wëssen an dësem Beräich an/oder d’Bereetschaft sech heira weiderzebilden.
- eng Facilitéit an der Aarbecht an enger multidisziplinärer Ekipp an a Kannergruppen hunn.
- Bereetschaft op Schichten ze schaffen.
- Beherrsche vun den 3 Landessproochen.
- Fürerschäin B.

Bei enger Astellung froe mir de Bulletin 4 a 5 aus dem Casier judiciaire. D’Bezuelung ass konform mat den Dispositiounen vun der CCT SAS.


  • Ee Sozialpädagog

    il y a 2 semaines


    Soleuvre, Luxembourg Fondation Kannerschlass Temps plein

    D’FONDATIOUN KANNERSCHLASS rekrutéiert: **Ee Sozialpädagog / Gruppechef (M/F/d)**: CDI, 35-40 Stonnen/Woch Referenz: CT-KT-CG Fir d’therapeutescht Internat Kannerhaus Tikkun D'Kannerhaus Tikkun zu Kayl bitt ënnert der Woch (vu sonndes owes bis freides owes) eng intensiv pädagogesch an therapeutesch Betreiung un, fir Kanner vu 6-12 Joer mat...