Een Diploméierten Erzéier

il y a 1 semaine


Bertrange, Luxembourg APEMH Temps plein

Beschreiwung
D’APEMH - Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hier Résidence Bartreng, een diploméierten Erzéier (w/m/x) 40 Stonnen/Woch -ab den 1.10.2025 - op onbestëmmten Zäit.

**Job description**

Mir bidden Iech d’ Geleeënheet Deel vun enger engagéierter, multidisziplinärer Ekipp ze ginn mam Optrag, Persounen mat intellektueller Beanträchtegung die eegestänneg an hirem Appartement, Studio oder WG wunnen, ze begleeden. Hinnen punktuell Hëllefsstellung unzebidden a mat hinnen zesummen Weeër ze sichen, dass Sie hier t ‘Liewen, hier Fräizäit, eegestänneg a sécher gestallten kënnen.

Wann de Posten Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif...).

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

**Obligatoresch Ufuerderungen**

D’Kandidate sollen:

- Am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn
- Beruffserfarung hunn
- Sënn vu Verantwortung hunn fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren
- Iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen
- Eegestänneg an organiséiert schaffen kënnen
- Déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen
- De Führerschäin Klass B hunn

**Wënschenswäert Ufuerderungen**

Erfarung mat Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.

**Mir bidden**
- attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen
- en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.

Sproochen Luxembourgish; Letzeburgesch German French Educatioun Diploméierten Éducateur (14e)


  • Een Diploméiert Erzéier

    il y a 1 semaine


    Bertrange, Luxembourg APEMH Temps plein

    Beschreiwung D’APEMH - Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hier Résidence Bartreng, **een diploméiert Erzéier (w/m/x) fir 20 Stonnen d‘Woch**: - op onbestëmmten Zäit, fir direkt oder op Ofsprooch. Mir bidden Iech d ‘Geleeënheet Deel vun enger engagéierter Ekipp ze sinn, déi...


  • Bertrange, Luxembourg Croix-Rouge luxembourgeoise Temps plein

    **Graduéiert Erzéier oder Assistant social (m/w/d) - Referenz: 2391** fir säi Service « Families First » zu Bartreng am CDI fir 40 Stonnen/Woch. [nbsp] Missioun: - Mat Familljen schaffen déi sech an enger schwiereger Situatioun befannen - Mat enger wäertschätzender, participativer an léisungsorientéierter Haltung den Familljen begéinen an mat...