Een Geléierten Elektriker
il y a 6 jours
D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir den Parc Merveilleux zu Beetebuerg, een geléierten Elektriker (w/m/x), fir een CDI an Vollzäit, fir direkt oder no Ofsprooch.
Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif...).
Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.
**Responsabilitéiten** Ënnerhalt vun den techneschen Installatiounen an de Gebaier am Parc Merveilleux.
**Obligatoresch Ufuerderungen** D'Kandidate sollen:
- am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn
- iwwert Beruffserfarung verfügen
- motivéiert sinn, fir polyvalent ze schaffen
- motivéiert sinn, an enger Ekipp ze schaffen
- déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen
- de Führerschäin Klass B hunn
**Mir bidden**
- attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen.
- en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.