Aide Socio-familiale
il y a 2 semaines
Den Hôpital Intercommunal de Steinfort ass en Etablissement, dat vun engem interkommunale Syndikat geféiert gëtt, a mat Hëllef vu sengen 227 Mataarbechter eng spezialiséiert Prise en charge an dräi Departementer ubitt:
E Service de Rééducation Fonctionnelle Gériatrique mat 40 Better, eng Maison de Soins fir 52 Pensionnairen an e Centre de Jour spécialisé deen daagsiwwer 23 eeler Persoune betreit, déi hir kierperlech Autonomie verluer hunn oder u kognitive Stéierunge leiden.
**Fir eise Centre de jour spécialisé ze verstärken, siche mir een**:
**AIDE SOCIO-FAMILIALE (M/W)**:
**Fir Deelzäitaarbecht (50% oder 75%) op onbestëmmten Zäit (CDI)**:
Als integralen Deel vun der interdisziplinärer Ekipp, drot Dir zur Gesamtversuergung vun de Senioren an hirem Alldag bäi. Är Haaptmissioun ass d’Ënnerstëtzung, d’Hëllef an d’Participatioun an der Fleeg a bei den Aktivitéiten, ënner der Opsiicht vun engem Gesondheets
- oder sozio-pädagogesche Spezialist.
Är Responsabilitéiten:
- D’Senioren begleeden, hëllefen an ënnerstëtzen an den Aktivitéite vum Alldag
- Dir sidd eng polyvalent Hëllef bei der kierperlech Hygiène, Ernährung, Mobilitéit, Orientéierung an moralesch Ënnerstëtzung
- Sech un der deeglecher Begleedung vun de Senioren an hire Famillje bedeelegen
- Fräizäit a kulturell Aktivitéite mat de Senioren tätegen
- D’Observatiounen an d’Informatiounen der interdisziplinär Ekipp matdeelen an d’Vertrauensrelatioun mam Senior erhalen
- Gemeinsam Ziler definéieren, zesumme mat deenen anere Beruffsgruppen, fir eng global Prise en charge Begleedung vun de Senioren
- Den Dossier vum Patient à jour halen an all Aktiounen a Prestatioune déi gemaach goufen aschreiwen
- D’Besoin’en an d‘Erwaardunge vun de Senioren am spezifeschen Fachgebitt identifizéieren
Äre Profil:
- Dir sidd am Besëtz vun engem Certificat aux fonctions d’aide socio-familiale
- Eng Erfahrung am Domaine vun der Gériatrie ass vu Virdeel
- Dir beherrscht beschtens déi lëtzebuergesch Sprooch. Déi Franséisch an all aner Sproochekenntnisser sin vu Virdeel
- Dir sidd am Besëtz vun engem gültege Führerschäin (Permis B)
- Dir sidd organiséiert, hëllefsbereed a flexibel an dir hutt mënschlech Relatiounen an Ekippenaarbecht gären
Interesséiert Dir Iech fir dëse Posten an Äre Profil entsprécht de Viraussetzungen, da schéckt eis Är Kandidatur mat Liewenslaf, Motivatiounsbréif, enger Kopie vu den Zertifikater an enger rezenter Foto. Wann Dir op en Job Interview invitéiert gitt, muss en Extrait aus dem Casier judiciaire virgeluecht ginn.
-
Plusieurs Chocolatiers et Aide-Chocolatiers
il y a 2 semaines
Steinfort, Capellen, Luxembourg Genaveh Temps pleinReconnue pour ses chocolats raffinés, entièrement faits mains et made in Luxembourg, la Chocolaterie Artisanale Genaveh est à la recherche de plusieurs chocolatiers et aide-chocolatiers passionnés, expérimentés ou débutants, pour compléter son équipe.Description :CDD de 3 mois avec possibilité de CDI - 40 heures / semaineVous êtes minutieux et...
-
Monteur Chauffage Sanitaire
il y a 2 semaines
Steinfort, Luxembourg Lucas Sàrl Temps pleinPoser des tuyauteries et des radiateurs, installer une chaudière, souder et mettre en place des sanitaires, cela vous attire? De même la technique, l'hydraulique et l'électronique? Vous êtes monteur et titulaire d’une formation DAP dans le chauffage/sanitaire? Alors vous êtes la personne que nous cherchons! **Votre mission**: Vous assurez le montage...
-
Marketing Officer
il y a 5 jours
Steinfort, Luxembourg Labgroup Temps pleinNous recherchons un(e) Marketing Officer Junior, **enthousiaste à l’idée de contribuer activement au développement commercial de l’entreprise via la mise en œuvre de notre stratégie marketing.** **Objectifs** : booster la visibilité Labgroup, soutenir le développement commercial, et valoriser nos offres et notre positionnement sur le marché...