Psycholog - Berodungsdéngscht (M/w)
il y a 1 semaine
arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der_ Aide à l’enfance_ an de _Services d’éducation et d’accueil_ täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.
**Responsabilitéiten**:
Mir siche fir d’Service Berodungsdéngscht : Psycholog** (m/w) - 20-30 Stonnen/Woch CDI**
- (bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)_
**Obligatoresch Ufuerderungen**:
- Dir hutt een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Psycholog,
- Dir hutt eng therapeutesch Ausbildung vun minimum 300 Stonnen oder sidd “en cours de formation”,
- Dir hutt minimum 2 Joer Beruffserfahrung,
- Dir sidd flexibel an den Aarbechtszäiten,
- Dir kënnt Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen, all aner Sprooch ass vu Virdeel,
- Dir hutt e Führerschäin Klass B an ën Auto zur Verfügung.
**Mir bidden**:
- Dës Plaaz fällt ënnert den SAS-Kollektivvertrag