Agent éducatif
il y a 2 semaines
Beschreiwung
D'Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf stellt
een Auxilaire de vie oder een Educateur diplômé an
fir seng Kanner- a Jungendwunngrupp "Maison 6" zu Miersch
CDD deelzäit fir eng Dispense, Congé de maternité an eventuell e Congé parental ze ersetzen
Är Aufgaben :
- Ëmsetzung a Sécherung vun enger qualitativ héichwäerteger pedagogescher Betreiung
- Dir schafft am deeglechen Encadrement vu Jugendlechen
- Treffe vun Alldagsentscheedungen an Ëmsetzung vun dësen Entscheedungen no Récksprooch mam Chef de groupe an de Mataarbechterinnen
- Garantéiere vun engem pedagogesch séchere Kader, deen et de Kanner a Jugendlechen erlaabt sech weider ze entwéckelen
- Dir huelt verantwortungsvoll un Teambespriechungen, Formatiounen a Supervisiounen deel a bannt Iech aktiv mat an
- Dir sidd Bezuchserzéier vun engem oder zwee Kanner
- Dag- an Nuetsschichte souwéi Weekendaarbecht a Feierdeeg
Äre Profil:
- Dir hutt en unerkannten Diplom als Agent éducatif oder en unerkannten Diplom als Educateur diplômé mat der "autorisation d'exercer" oder eng Equivalenz
- Dir hutt eng zilorientéiert a strukturéiert Aart a Weis ze schaffen
- Dir hutt eng gutt Beobachtungs- a Reflexiounsfäegkeet
- Fäegkeet fir systemesch-, ressourcen- a léisungsorientéiert Denken an Handelen
- Teamfäegkeet a Bereetschaft an engem multidisziplinären Team ze schaffen
- Führerschäin (B)
- Sproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, all weider Sproochen si vu Virdeel
Mir bidden:
- Dir sidd een Deel vun engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef
- Dir schafft am deeglechen Encadrement vun eise Kanner an/oder Jugendlechen
- Weiderbildungen, Fallsupervisiounen a Formatiounen (mat besonneschem Fokus op Traumapedagogik)
- Remuneratioun an Reegelung vun den Aarbechtszäite laut SAS Kollektivvertrag CCT-SAS
- Sympass Kaart
Mir bieden Iech folgend Dokumenter am Formulaire eropzelueden:
- Liewenslaf mat Foto
- Motivatiounsbréif
- Kopie vum Diplom
- Droit d'excercer (fir den Educateur diplômé)
Am Fall vun engem Recrutement, gidd dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 a n°5 gefroot.
Sproochen Luxembourgish; Letzeburgesch French German Educatioun Lycée Ofschloss
-
Agent éducatif
il y a 2 semaines
Mersch, Mersch, Luxembourg SOS Kannerduerf Lëtzebuerg Temps plein 30.000 € - 45.000 € par anD'Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf stellteen Auxilaire de vie oder een Educateur diplômé anfir seng Kanner- a Jungendwunngrupp "Maison 6" zu MierschCDD deelzäit fir eng Dispense, Congé de maternité an eventuell e Congé parental ze ersetzenÄr AufgabenËmsetzung a Sécherung vun enger qualitativ héichwäerteger pedagogescher BetreiungDir schafft am...
-
Agent Administratif
il y a 3 jours
Mersch, Luxembourg GovJobs Temps plein**Statut** : Employé de l'État **Qui recrute ?**: École internationale Mersch Anne Beffort **Missions**: - Publications des médias scolaires; - Gestion des manifestations spéciales; - Gestion des activités péri‐ et parascolaires; - Gestion des réseaux sociaux / Info screen de l'établissement scolaire; - Accueil physique et téléphonique des...