Ed. dipl.
il y a 2 jours
Gralingen Diekirch, Luxembourg
SOS Kannerduerf Lëtzebuerg
Temps plein
D'Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf stellt
een Educateur diplômé oder gradué
fir seng Kanner- a Jungendwunngrupp "Grooljer Haus" zu Gralingen an
CDD deelzäit oder vollzäit fir eng Dispense, Congé de maternité an eventuell e Congé parental ze ersetzen
Är Aufgaben:
- Ëmsetzung a Sécherung vun enger qualitativ héichwäerteger pedagogescher Betreiung
- Dir schafft am deeglechen Encadrement vu Jugendlechen
- Treffe vun Alldagsentscheedungen an Ëmsetzung vun dësen Entscheedungen no Récksprooch mam Chef de groupe an de Mataarbechterinnen
- Garantéiere vun engem pedagogesch séchere Kader, deen et de Kanner a Jugendlechen erlaabt sech weider ze entwéckelen
- Dir huelt verantwortungsvoll un Teambespriechungen, Formatiounen a Supervisiounen deel a bannt Iech aktiv mat an
- Dir sidd Bezuchserzéier vun engem oder zwee Kanner
Äre Profil:
- Dir hutt en unerkannten Diplom oder eng Equivalenz mat der "autorisation d'exercer"
- Dir hutt eng zilorientéiert a strukturéiert Aart a Weis ze schaffen
- Dir hutt eng gutt Beobachtungs- a Reflexiounsfäegkeet
- Fäegkeet fir systemesch-, ressourcen- a léisungsorientéiert Denken an Handelen
- Teamfäegkeet a Bereetschaft an engem multidisziplinären Team ze schaffen
- Formatiounen am Beräich Deseskalatiounsmanagement vu Virdeel sinn
- Führerschäin (B)
- Sproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, all weider Sproochen si vu Virdeel
- Dag- an Nuetsschichte souwéi Weekendaarbecht a Feierdeeg
Mir bidden:
- Eng diversifizéiert an interessant Aarbecht bei engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef.
- Reegelméisseg Weiderbildung an de Beräicher Bindung an Trauma, Kanner- a Jugendschutz.
- Reegelméisseg Teamversammlungen, Supervisiounen, Formatiounen.
- Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS (C4 / C6)
- Sympass Kaart.
Mir bieden Iech folgend Dokumenter am Formulaire eropzelueden:
- Motivatiounsbréif
- Liewenslaf mat Foto
- Kopie vum Diplom
- Autorisation d'excercer
Am Fall vun engem Recrutement, gidd dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 a n°5 gefroot.