Ee Kannerinfirmier

il y a 2 jours


Dudelange, Esch-sur-Alzette, Luxembourg APEMH Temps plein

Beschreiwung

D'APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Struktur d'Accueil "Mère-Enfant" zu Diddeleng, déi 3 Mammen mat enger intellektueller Beanträchtegung an hiren Kanner een protegéiert Ëmfeld bidd, ee Kannerinfirmier (w/m/x) - CDI - 20 Stonnen / Woch - fir direkt oder no Ofsprooch.

Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

Responsabilitéiten

An eiser Struktur d'accueil zu Diddeleng, ass et an der Responsabilitéit vum Kannerinfirmier, 3 Mammen ze begleeden bei:

  • der Emsetzung vun hirem " Projet de vie" mam Kand
  • der Organisatioun vum Alldag
  • dem Opbau vun enger Mamm-Kand Bezéihung
  • der Ennerstezung vun der Entwecklung vun hirem Kand

Obligatoresch Ufuerderungen

  • Diplom als Kannerinfirmier (an d'Autorisation d'exercer)
  • Berufflech Erfarung an engem änlechen Beräich hun
  • Beherrsche vun der lëtzebuergescher, franséischer an däitscher Sprooch ass obligatoresch
  • Flexibel an de Schaffzäite sinn
  • Excellent relationel a kommunikativ Kompetenzen hunn
  • Souwuel aleng wéi och an enger Équipe schaffe kennen
  • Gutt redaktionell an organisatoresch Kompetenzen hunn

Wënschenswäert Ufuerderungen

Erfarung mat Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.

Mir bidden

  • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen
  • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung an hiren Kand.

Sproochen Luxembourgish; Letzeburgesch German French Educatioun Première


  • Ee Kannerinfirmier

    il y a 3 jours


    Dudelange, Luxembourg APEMH Temps plein

    Beschreiwung D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Struktur d’Accueil "Mère-Enfant" zu Diddeleng, déi 3 Mammen mat enger intellektueller Beanträchtegung an hiren Kanner een protegéiert Ëmfeld bidd, **ee Kannerinfirmier (w/m/x) - CDI - 20 Stonnen / Woch - fir direkt oder...