Een diploméierten oder graduéierten Erzéier
il y a 3 jours
Beschreiwung
D'APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hiren Service SCAF antenne Junglinster, fir een CDI 20-40 Stonnen/Woch, een diploméierten oder graduéierten Erzéier (w/m/x).
Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).
Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.
Responsabilitéiten
Am Kader vun eisem Service SCAF (Service spécialisé d'accompagnement et de soutien à la parentalité), ennerstëzt Dir Elteren vu Kanner mat enger Behënnerung respektif Elteren mat enger Behënnerung an hirer Elterenfunktioun an hirem Doheem.
Obligatoresch Ufuerderungen
D'Kandidaten sollen:
- Am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom als diploméierten Erzéier sinn
- iwwert Beruffserfarung am Beräich vun der Aarbecht mat Familljen verfügen
- Sënn vu Verantwortung hunn
- flexibel um Niveau vun den Aarbechtszäiten sinn (Aarbecht am Owend an Samschdes méiglech)
- eegestänneg an organiséiert schaffen kënnen
- d'Beherrschen vun lëtzebuergiscg ass obligatoresch, an gudd Kenntnisser an franséischer Sprooch hun. All aner Sprooch ass vun Virdeel.
- de Führerschäin Klass B an een eegenen Auto hunn
Mir bidden
- attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen
- En op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Elteren an hirem Kand.
Sproochen Luxembourgish; Letzeburgesch German French
-
Een Diploméierten Erzéier
il y a 6 jours
Junglinster, Luxembourg APEMH Temps pleinBeschreiwung D'APEMH, Associatioun am Déngscht vu Léit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hire Familljen, sicht fir hiren Service SAS Ost zu Jonglënster een diploméierten Erzéier (w/m/x) fir ee CDI - 20 Stonnen/Woch fir direkt oder no Ofsprooch. Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur...
-
New Educateur Diplômé
il y a 2 semaines
Junglinster, Luxembourg arcus asbl Temps pleinBeschreiwung arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der_ Aide à l’enfance_ an de _Services d’éducation et d’accueil_ täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge...