Een Hëllefskach

il y a 1 jour


BettangesurMess Canton of Capellen, Luxembourg APEMH Temps plein

D'APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Atelieren zu Betteng - een Hëllefskach / Aide-cuisine (w/m/x) - fir een CDI - 40 Stonnen/Woch - fir direkt oder no Ofsprooch.

Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

Responsabilitéiten

  • Dir ënnerstëtz den Traiteur bei den Préparatiounen vir eis Clienten an eisen Buttek
  • Dir sidd zoustänneg fir die Botzaarbechten am Traiteur
  • Dir kennt HACCP Regelen an hier Ëmsetzung
  • Dir schafft mat enger Équipe vun Mataarbechter, déi eng intellektuell Beanträchtegung hunn

Obligatoresch Ufuerderungen

  • Dir kennt autonom schaffen
  • Dir sidd motivéiert an schafft gären an enger Équipe
  • Dir schwätzt Lëtzebuergesch, an entweder Däitsch oder Franséisch
  • Dir huet den Führerschäin B

Wënschenswäert Ufuerderungen
Beruffserfarung an der Aarbecht mat Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.

Mir bidden

  • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen.
  • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.

Detailer

Aarbechtsform

Vollzäit

Aart vu Kontrakt

Permanente Kontrakt

Stonnen pro Woch

40

Standuert

Land

Lëtzebuerg

Stad

Bettange-sur-Mess

ERFUERDERLECHSPROOCHEN

Fir fir dësen Job consideréiert ze ginn, ass et entscheedend, dat Dir Kenntnisser a folgenden Sproochen hutt

Lëtzebuergesch

LiesenB1 Mëttelstuf

SchreiwenB1 Mëttelstuf

SchwätzenB1 Mëttelstuf

Däitsch

LiesenB1 Mëttelstuf

SchreiwenB1 Mëttelstuf

SchwätzenB1 Mëttelstuf

Franséisch

LiesenB1 Mëttelstuf

SchreiwenB1 Mëttelstuf

SchwätzenB1 Mëttelstuf


  • Een Hëllefskach

    il y a 1 jour


    Reckange-sur-Mess, Esch-sur-Alzette, Luxembourg APEMH Temps plein

    D'APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Atelieren zu Betteng - een Hëllefskach / Aide-cuisine (w/m/x) - fir een CDI - 40 Stonnen/Woch - fir direkt oder no Ofsprooch.Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken...