Ee Geléierte Kach

il y a 7 jours


Luxembourg APEMH Temps plein

Beschreiwung
D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hiren Atelier Geméiskichen zu Lampech ee geléierte Kach fir een CDI - Vollzäit fir direkt oder no Ofsprooch

Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif...).

Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

**Responsabilitéiten**:
Dir schafft zesummen als Ekipp an eisem Atelier Geméiskichen, wou dir folgend Aarbechten an Verantwortung mat iwwerhuelt:

- eist Geméis an Uebst haltbar maachen duerch Akachen, Aleeën,
- Rezepter opstellen an entwéckelen fir nei Produiten
- selbststänneg Schaffen am Respekt vun den HACCP Regelen
- mathëllefen bei der Gerance vun der Produktioun an vun den Stocken
- eng Ekipp vun Leit mat enger intellektuell Beanträchtegung am Aarbecht-Alldag encadréieren

**Obligatoresch Ufuerderungen**:

- am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom (DAP) an der Restauratioun sinn
- Wëssen iwwert Reglementer vun der Produktioun an Vente am alimentairen Beräich
- iwwert Flexibilitéit um Niveau vun den Aarbechtszäiten, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen
- déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen
- de Führerschäin Klass B hunn

**Kenntnisser an folgenden Beräicher kennen vun Virdeel sinn**:

- Beruffserfarung an der Aarbecht mat Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung
- Erfahrung an der Imkerei

**Mir bidden**:

- attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen
- en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung

Sproochen Luxembourgish; Letzeburgesch German French Educatioun Diploma of Professional Aptitude (DAP) Beruffserfarung 0+ years



  • Luxembourg APEMH Temps plein

    Beschreiwung D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hiren Atelier Domaine agricole zu Betten, ee geléierten Bauer oder ee Mataarbechter mat Erfarung am Beräich Bauerenbetrieb fir een CDI 40 Stonnen/Woch, fir direkt oder no Ofsprooch. Wann de Posten hei ënnendrënner Iech...


  • Luxembourg APEMH Temps plein

    Beschreiwung D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hiren Atelier Domaine agricole zu Betten, ee geléierten Bauer oder ee Mataarbechter mat Erfarung am Beräich Bauerenbetrieb fir een CDI 40 Stonnen/Woch, fir direkt oder no Ofsprooch. Wann de Posten hei ënnendrënner Iech...

  • Ee Geléierten Kach

    il y a 4 semaines


    Luxembourg APEMH Temps plein

    **Responsabilitéiten** - Liewensmëttelversuergung/Stockage - Organisatioun vun der Aarbecht a vun der Produktion - Uwennung a Kontroll vun Gesondheets - a Sécherheetsnormen - Mat enger Ekipp vun Leit zesummen schaffen, déi eng intellektuell Beanträchtegung hunn [nbsp] **Obligatoresch Ufuerderungen** - Am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten...