Emplois actuels liés à Een Diploméierten Infirmier - EschsurAlzette - APEMH
-
Een Diploméierten Erzéier
il y a 2 semaines
Esch-sur-Alzette, Luxembourg APEMH Temps pleinBeschreiwung D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Wunnstruktur "Roude Fiels" zu Esch/Uelzecht, een diploméierten Erzéier fir een CDD (1 Joer) 40 Stonnen/Woch - fir eng Dispens, een Congé Maternité an een Congé Parental ze ersetzen - fir direkt oder no Ofsprooch. Wann de...
-
Een Diploméierten Ezéier
il y a 2 semaines
Esch-sur-Alzette, Luxembourg APEMH Temps pleinBeschreiwung D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hiren Service d'Activités de Jour, een diploméierten Erzéier (w/m) fir ee CDD 6 Méint - Vollzäit. Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum...
-
Een Diploméierten Aide-soignant
il y a 19 heures
Esch-sur-Alzette, Luxembourg APEMH Temps pleinBeschreiwung D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht een diploméierten Aide-soignant fir een CDI - 40 Stonnen/Woch (Springer Posten), um Centre Nossbierg (Haus Senior & Roude Fiels) - fir direkt oder no Ofsprooch. Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis...
-
Een Diploméierten Erzéier
il y a 2 semaines
Esch-sur-Alzette, Luxembourg APEMH Temps plein**Responsabilitéiten** Begleedung am Alldag vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung. **Obligatoresch Ufuerderungen** D’Kandidate sollen: - am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn - Sënn vu Verantwortung hunn, fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller...
Een Diploméierten Infirmier
il y a 3 semaines
Beschreiwung
D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Wunnstrukturen um Centre Nossbierg zu Esch/Uelzecht, een diploméierten Infirmier (Krankenpfleger) (w/m/x) fir CDD 24 Stonnen/Woch - fir direkt oder no Ofsprooch. (Dispens + congé maternité an congé parental)
Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif...).
Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.
**Responsabilitéiten**:
Betreiung am Gesondheetsberäich vun erwuessene Léit mat enger intellektueller Beanträchtegung.
**Obligatoresch Ufuerderungen**:
D’Kandidate sollen:
- Am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom an vun enger "Autorisation d'exercer" sinn.
- Beruffserfarung hunn.
- Sënn vu Verantwortung hunn fir en optimalen professionellen Encadrement vu Persounen mat enger intellektueller Beanträchtegung ze garantéieren.
- Iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen.
- Eegestänneg an organiséiert schaffen kënnen.
- Déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen.
- De Führerschäin Klass B hunn.
**Wënschenswäert Ufuerderungen**:
Beruffserfarung am Beräich vun der intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.
**Mir bidden**:
- attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen.
- en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.
Sproochen Luxembourgish; Letzeburgesch German French Educatioun Niveau Première