Directeur Général
il y a 3 semaines
Beschreiwung
De _Bistro Quai_ ass, lokal sou wéi och régional, säit senger Ouverture zu engem absoluten Muss ginn. Beim direkten Bléck iwwert d'Musel, iwwerzeegt de _Bistro Quai_ eng ëmmer gréisser Stamm-Clintèle duerch säin bistronomesche Flair, enger raffiniéierter Kichen an enger élaboréierter Auswal u Wäiner.
Fir den Erfolleg vun eisem Lokal weiderzeféieren, si mir op der Sich no engem/enger **Directeur/Directrice Général(e). **Falls Iech eise Projet interesséiert, da freeë mir eis iwwert är Bewerbung
Verantwortungen
- Zesumme mat ärer Ekipp, vermëttelt Dir ärem Lokal eng gräifbar, authentesch Identitéit
- Dir sidd verantwortlech fir den **operativen an administrativen** Suivi, wéi och fir d’Gesamtleeschtung vum Lokal
- Als **Team Leader** sidd Dir entschlossen, **d’Produktivitéit an d’Wuelbefannen** vun ärer Ekipp ze maximiséieren.
- Ma den néidegen **Verkafs
- an Marketingstrategien** garantéiert Dir mat ärer Ekipp de wirtschaftlechen Erfolleg vum Lokal
- Dir hutt zu all Ament de Käschtepunkt am Bléck a sidd an der Lag, de Lokal **qualitativ a gläichzäiteg rentabel** ze féieren
- Dir gitt **mam gudde Beispill fir** _punkto _Service, Produktkenntnis an Team-Féierung
- Dank ären **organisatoreschen Kompetenzen** stellt Dir sécher, dat är Personalplanung de Besoinen vum Dagesgeschäft optimal entsprécht
"Must have" Ufuerderungen
- Eng éischt Erfarung an der Gérance vun engem Etablissement ass vu Virdeel
- Staark Kenntnisser vun der lokaler a regionaler Gastronomie
- Du bass stark motivéiert, een **eenzegaartegen Service** ze garantéieren, deen **dengen Talenter an den Erwaardungen **vum Lokal entsprécht
- _Team Player_: Du bass an der Lag deng Meenungen an deng Gedanken op **eng respektvoll an konstruktiv** Aart a Weis auszedrécken.
- Du schwätz lëtzebuergesch an/oder franséisch/däitsch
Mir bidden
- Een CDI (40h)
- En attraktive Salaire; weider Avantagen _à discuter_
- Intern Formatiounen, Gruppen-Aktiviéiten, Entwécklungsméiglechkeeten
- Een operativen an administrative Support
- E jonkt, dynamescht an internationalt Ëmfeld
Entsprécht eis Beschreiwung denger Perséinlechkeet an dengen Ambitiounen? Du sees dech bereet eis Ekipp mat all dengen Qualitéiten ze ënnerstëtzen? Da kontaktéier eis direkt
Sproochen Luxembourgish; Letzeburgesch German Educatioun Certificate of Professional Ability (CCP) Beruffserfarung 5+ years