Een Diploméierten Erzéier
il y a 5 jours
Beschreiwung
D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hiren Service d'Education et d'Accueil Inclusif "Kokopelli" zu Beetebuerg, een diploméierten Erzéier (w/m) fir een CDD - Vollzäit - fir een Congé de Maternité ze ersetzen - fir direkt oder no Ofsprooch.
Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif...).
Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.
Verantwortungen
Den inklusiven Educatiouns
- an Betreiungsservice Kokopelli, huet als Missioun déi non formal Bildung vun 78 Kanner am Alter vun 2 Méint bis 4 Joer ze garantéieren. D’Ziel dovunner ass, den Kanner mat engem Handicap eng fréizäiteg Inclusioun ze bidden.
Als Member vun eisem multidisziplinären Team, wäert Dir fir déi sozialpädagogesch Betreiung vun den Kanner responsabel sinn.
Dir huelt un der Betreiung an Orientéierung vun den Elteren deel.
Sollten Iech dës Missiounen zousoen, lueden mir Iech an ze postuléieren an Deel vun eiser pluridisziplinärer, dynamescher an motivéierter Ékipp ze gin
"Must have" Ufuerderungen
D’Kandidate sollen:
- am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn
- Beruffserfarung hunn
- Sënn vu Verantwortung hunn, fir en optimalen professionellen Encadrement vu Kanner ze garantéieren
- iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen
- eegestänneg an organiséiert schaffe kënnen
- Staarken Teamgeescht hunn
- déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen
- de Führerschäin Klass B hunn
Mir bidden
- attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen
- en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vu Kanner
Sproochen Luxembourgish; Letzeburgesch French German Educatioun Lycée Ofschloss Beruffserfarung 0+ years
-
Een Diploméierten Floriculteur
il y a 2 semaines
Bettembourg, Luxembourg APEMH Temps pleinBeschreiwung D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht, fir hiren Parc Merveilleux zu Beetebuerg, ee geléierten Floriculteur, fir ee CDI an Vollzäit - fir direkt oder no Ofsprooch. Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur ze...