Freelance Eldo Animatioun
il y a 3 semaines
**Freelance Eldo Animatioun**:
Du schwätz gären, bass kreativ an net op de Mond gefall?
Da gëff och du Animateur / Animatrice an erziel ganz Lëtzebuerg deng Geschichten
**Wat sinn deng Missiounen?**
- Deng eege Sendung matgestalten, Themen kreativ verschaffen a preparéieren, fir se duerno live ze moderéieren
- Am Studio an och um Terrain, wou grad eng lass ass, Sendung maachen
- Interviewe maachen an op Concerte geschéckt gi wann et sech ubidd
- D’Eldoland mat denger Personality an eegenem Storytelling entertainen
- Wat bréngs du mat?
- Spontanitéit, Kreativitéit an Eegeninitiativ
- Eng agreabel Stëmm
- Storytelling, Personality an eng positiv Ausstralung
- Groussen Interessi un aktueller Musek an Aktualitéit
- Zouverlässegkeet, Professionalitéit a Pünktlechkeet
- Ee gudden Ëmgang mat der Lëtzebuergescher Sprooch (am geschwatenen)
**Wisou grad den Eldo?**
- Flexibel Aarbechtszäiten
- Ofwiesslungsräich Aufgaben
- Eng detailléiert Ausbildung
- E permanent Encadrement
- Eng jonk, dynamesch an decaléiert Ekipp
**Du bass interesséiert?
A komm Samschdes den 22 Abrëll bis laanscht an ergräif deng Eldo Jobportunity.