Emplois actuels liés à Administrative Mataarbechter - Bertrange - arcus asbl
-
Administrative Mataarbechter
il y a 7 jours
Bertrange, Luxembourg Arcus Temps plein**Responsabilitéiten** Mir siche fir eise Familljenhaus een**:Administrative Mataarbechter - 20 - 40Stonnen/Woch CDI** - (bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)_ **Obligatoresch Ufuerderungen** - Accueil téléphonique vu Client'en aus dem Soziale Secteur a vu Mataarbechter - Dokumentatioun an Encodage vu Prestatiounen/Fichen - Redaktionell...
Administrative Mataarbechter
il y a 3 semaines
Beschreiwung
arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der_ Aide à l’enfance _an de_ Services d’éducation et d’accueil_ täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.
**Responsabilitéiten**:
Mir siche fir eise Familljenhaus een**:Administrative Mataarbechter - 20 - 40Stonnen/Woch CDI**
- (bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)_
**Obligatoresch Ufuerderungen**:
- Accueil téléphonique vu Client'en aus dem Soziale Secteur a vu Mataarbechter
- Dokumentatioun an Encodage vu Prestatiounen/Fichen
- Redaktionell Aarbechten
- Gestioun vun de Planifikatioun Outil'en
- Gestioun vu Clientsdossieren
- Encodage a Gestioun vu Rechnungen
- Koordinatioun a Kommunikatioun tëscht de verschiddene Servicer vun de Familljenhaiser
**Wënschenswäert Ufuerderungen**:
- Du hues een Diplom DAP administrativ
- Du hues mindestens 1 Joer Erfarung am administrative Beräich
- Du hues e gudde Kontakt mam Client
- Du kanns flexibel an autonom an enger klenger Equipe schaffen
- Du schaffs mat grousser Prezisioun a Grëndlechkeet
- Du hues ganz gutt Kenntnisser am "MS Office"
- Du kanns Lëtzebuergesch,Däitsch a Franséisch schwätzen a schreiwen
**Mir bidden**:
- Dës Plaaz fällt ënnert den SAS-Kollektivvertrag
- E multidisziplinäert Aarbechtsfeld
Sproochen Luxembourgish; Letzeburgesch German French Educatioun Diploma of Professional Aptitude (DAP) Beruffserfarung 3+ years