Een Graduéierten Erzéier
il y a 2 semaines
Beschreiwung
D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hiren Service d'Education et d'Accueil Inclusif "Kokopelli" zu Beetebuerg, een graduéierten Erzéier am CDI - 20 oder 40 Stonnen/Woch - fir direkt oder no Ofsprooch.
Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif...).
Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.
Verantwortungen
Den inklusiven Educatiouns
- an Betreiungsservice Kokopelli, huet als Missioun déi non formal Bildung vun 78 Kanner am Alter vun 2 Méint bis 4 Joer ze garantéieren. D’Ziel dovunner ass, den Kanner mat engem Handicap eng fréizäiteg Inclusioun ze bidden.
Als Member vun eisem multidisziplinären Team, wäert Dir fir déi sozialpädagogesch Betreiung vun den Kanner responsabel sinn.
Dir huelt un der Betreiung an Orientéierung vun den Elteren deel.
Sollten Iech dës Missiounen zousoen, lueden mir Iech an ze postuléieren an Deel vun eiser pluridisziplinärer, dynamescher an motivéierter Ékipp ze gin
"Must have" Ufuerderungen
D’Kandidate sollen:
- am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn
- Beruffserfarung hunn
- Sënn vu Verantwortung hunn, fir en optimalen professionellen Encadrement vu Kanner ze garantéieren
- iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen
- eegestänneg an organiséiert schaffe kënnen
- Staarken Teamgeescht hunn
- déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen
- de Führerschäin Klass B hunn
Mir bidden
- attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen
- en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vu Kanner
Sproochen Luxembourgish; Letzeburgesch French German Educatioun Bachelor Beruffserfarung 0+ years
-
Een Graduéierten Erzéier
il y a 2 semaines
Bettembourg, Luxembourg APEMH Temps pleinD’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hiren Service d'Education et d'Accueil Inclusif "Kokopelli" zu Beetebuerg, **een graduéierten Erzéier** **am CDI - 20 oder 40 Stonnen/Woch** [nbsp] Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg...
-
Een Erzéier
il y a 2 semaines
Bettembourg, Luxembourg elisabeth Temps plein**Är Aufgaben / Votre mission / Ihre Aufgaben**: - Sécheren an hierstelle vum Wuelbefanne vun den uvertraute Bewunner - Hëllef beim Encadrement an der Betreiung vun de Bewunner am Kader vum Gesamtkonzept vum Haus - Selbstänneg plangen, organiséieren, duerchféieren an evaluéiere vun Aktivitéiten fir d’Bewunner (individuell an/oder am Grupp) -...
-
Diploméierten Ezéier
il y a 2 semaines
Bettembourg, Luxembourg APEMH Temps pleinBeschreiwung D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hiren Atelier Service technique am Parc Merveilleux zu Beetebuerg een diploméierten Erzéier fir ee CDI Vollzäit - fir direkt oder no Ofsprooch. Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är...
-
Een Diploméierten Erzéier
il y a 1 semaine
Bettembourg, Luxembourg APEMH Temps plein**Responsabilitéiten** Begleedung an Ënnerstetzung souwuel an der Initialausbildung wéi och an der Weiderbildung vu Jugendlechen an Erwuessener mat enger intellektueller Beanträchtegung, déi an eisen Atelieren schaffen; dëst an Zesummenaarbecht mam techneschen Fachpersonal. [nbsp] **Obligatoresch Ufuerderungen** D’Kandidate sollen: - am Besëtz...